Millebaach (Uelzecht)

Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Millebaach: enger Niewebaach vun der Uelzecht tëscht Pretten an Hënsdref. Fir aner Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach.


D'Millebaach ass eng lëtzebuergesch Baach laanscht d'Grenz tëscht de Gemenge Lëntgen a Luerenzweiler.

Millebaach
Schwunnendall, Millebaach.JPG
D'Millebaach op der Héicht vum CR123
Längt ca. 1,2 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz westlech vum Schwunnendall
Héicht 271 m
Koordinaten 49° 42’ 17.7’’ N
      06° 06’ 37.8’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz beim Viaduc vu Luerenzweiler
Héicht 220 m
Koordinaten 49° 42’ 23.4’’ N
      06° 07’ 32’’ O
Geographie
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg

D'Millebaach entspréngt op enger Héicht vun ca. 271 Meter am Flouer Colmeschbur, westlech vum Schwunnendall. Vu do aus fléisst se a Richtung Osten, laanscht d'Colmeschmillen, parallell mam CR123B, ënner dem CR123 erduerch an da weider laanscht d'Gemengegrenz tëscht Lëntgen a Luerenzweiler fir da kuerz virum Viaduc vu Luerenzweiler an d'Uelzecht ze lafen.

NiewebaachenÄnneren

Zwou kleng Niewebaache lafe vu riets an d'Millebaach.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Millebaach (Uelzecht) – Biller, Videoen oder Audiodateien