Kléngelbaach (Uelzecht)

D'Kléngelbaach ass eng kleng Baach zu Lëtzebuerg an de Gemenge Koplescht, Steesel a Walfer.

Si entsteet aus zwou klenge Baachen, déi hir Quellen op enger Héicht vu ronn 320 Meter am Oste vum Briddel hunn. Déi nërdlech Baach huet hir Quell um Roudenhaff an déi aner ëstlech vu Kalscheier. Se lafen allen zwou no Oste bis an d'Gipsweieren, 250 Meter südlech vum Kléngelbur.

Beim Auslaf vun de Gipsweiere kritt d'Baach den Numm Kléngelbaach. Si leeft dann an Direktioun Steesel fir no engem Laf vun 2 km tëscht Steesel an Helsem op enger Héicht vun 225 Meter an d'Uelzecht ze lafen.