Naturschutzgebitt Am Bauch

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Am Bauch ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Monnerech. Tëscht Monnerech an Esch-Uelzecht erstreckt sech laanscht den Tipp an d'Autobunn e Fiichtgebitt, wouvun 8,5 ha mat enger 22,8 ha grousser Pufferzon zanter dem 14. Abrëll 1999 ënner Naturschutz stinn.[1] D'Gebitt, wat vun Ornithologen zanter Joerzéngten erfuerscht gëtt, ass och nach ënner dem Numm Plateweier oder Féizer Laach bekannt.

Naturschutzgebitt
Am Bauch
Land Lëtzebuerg
Plaz Monnerech
Fläch 31,3 ha
Nationalcode ZH 42
Koordinaten 49°31'18,1"N, 5°59'52,8"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 14. Abrëll 1999

Am Kader vun der EU-Vulleschutzdirectiv (79/409/CEE) gehéiert d'Reserv zesumme mat fënnef anere Reserve mat 1040 ha gläichzäiteg dem europäeschem Natura 2000 Netz vu schützenswäerte Gebidder un.

  1. Règlement grand-ducal du 14 avril 1999 déclarant zone protégée la réserve naturelle am Bauch englobant des fonds sis sur le territoire de la commune de Mondercange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.