D'Mess ass eng Baach zu Lëtzebuerg an de Kantone Capellen an Esch.

Si entspréngt nordwestlech vu Schuller um Südostrand vum Schuller Bësch op enger Héicht vun 352 Meter. Si fléisst duerch Schuller, Sprénkeng, Betteng op der Mess, Dippecher Gare a Reckeng op der Mess. Zu Éileng fléisst si mat der Pisbaach zesummen a leeft da weider op Wickreng, Steebrécken a Biergem. Bei Näerzeng leeft si op der Lameschmillen an d'Uelzecht.

Revitaliséierung vun engem Deel vun der Mess änneren

2015 gouf d'Mess hanner Recken-op-der-Mess op enger Längt vun 160 m ënner der Leedung vum SICONA-Sud-Ouest revitaliséiert. D'Baachbett gouf ëm bis zu 1 Meter méi héich geluecht an d'Uwänner op enger Breet vun 8 Meter méi déif geluecht. D'Baach kann an deem neie 'Korridor' fräi meanderen a bei Héichwaasser d'Uwänner iwwerschwemmen. Doduerch entsteet en natierleche Liewensraum fir Planzen an Déieren, déi sech an de Baachen a ronderëm ophalen. Sou soll och d'Iwwerschwemme vun den Terraine baachofwäerts verhënnert ginn. De Projet huet 79.000 Euro kascht.[1],[2],[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (pm), 2016. Rückkehr der Natur. Mess auf 160 Metern revitalisiert. Luxemburger Wort vum 23. Mäerz 2016, S. 26.
  2. Websäit vum Sicona, gekuckt de 24. Mäerz 2016.
  3. D'Längt vum revitaliséierten Deel vun der Mess: Am LW-Artikel sinn et 160 m, op der Sicona-Websäit sinn et 140 m.