Beeler (Baach)

(Virugeleet vu(n) Beler)


D'Beeler oder Beelerbaach (frz.: Beler) ass eng franséisch Baach um Territoire vun de Gemenge Rédange an Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche), am Museldepartement. Se ass e lénksen Niewefloss vun der Uelzecht a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vun der Sauer an der Musel an doriwwer eraus zum Baseng vum Rhäin.

Beeler(baach); frz: Beler
Längt km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Konfluenz
Plaz Rédange
Koordinaten fréier:
49° 29’ 42.3’’ N
      05° 55’ 13.4’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Bei de Killweiere vun Arbed Terres-Rouges
Héicht 294 m
Koordinaten 49° 29’ 18.8’’ N
      05° 58’ 03.3’’ O
Geographie
Land Frankräich
Lëtzebuerg (?)
Uertschaften Rédange
Audun-le-Tiche

Si huet hiren Urspronk an zwou klenge Baachen, déi um Fouss vum Loutrenger Plateau hir Quell hunn, an déi dann ëstlech vun der Uertschaft Rédange, op der Héicht vun der Rue d'Esch-sur-Alzette, zesummelafen a vun do un als Beler op de franséische Kaarte verzeechent ass. Si leeft dann an ëstlecher Richtung duerch d'Floueren Homecht a Beler, ënnert der nei gebauter D616 erduerch, fir dann, um Territoire vun der Gemeng Audun-le-Tiche, tëscht Schlakentippe vun der fréierer Arbed Terres-Rouges erduerch, op der Héicht vu Killweieren, direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg, an d'Uelzecht ze lafen.