Diddelengerbaach

franséisch-lëtzebuergesch Baach

D'Diddelengerbaach ass eng franséisch-lëtzebuergesch Baach. A Frankräich heescht se och nach Ruisseau de Molvange oder Ruisseau des Quatre Moulins an huet beim Sandre de Code A8920300.

Diddelengerbaach
Diddelengerbaach am Bëtong tëscht Biereng a Beetebuerg (Foto vu fréier, éier den CFL Multimodal-Site gebaut gouf, an d'Baach hei nees renaturéiert gouf)
Längt 14,5 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 28 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Äescher
Héicht 355 m
Koordinaten 49° 24’ 46’’ N
      06° 03’ 18’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Beetebuerg
Héicht 270 m
Koordinaten 49° 31’ 22.6’’ N
      06° 05’ 50’’ O
Geographie
Land Frankräich
Lëtzebuerg
Uertschaften Diddeleng, Beetebuerg

Si entspréngt 7 Kilometer hanner der franséischer Grenz am Bois de la Husse um lieu-dit In der Klaus tëscht Äescher a Ruxweller, op enger Héicht vun ongeféier 355 Meter (NG-L).

Si leeft duerno duerch Äescher (Escherange) wou vu lénks de Weihergraben draleeft, Muelweng (Molvange) a Wuelmereng (Volmerange-les-Mines), fir hanner Wuelmereng tëscht de Grenzmaarken FL 110 a FL 109 op lëtzebuergeschen Terrain ze kommen.

Vun do un huet si missen duerch d'Diddelenger Schmelz lafen, wou se agequetscht a Bëtongsréier och nach eng Parti vun hirem Waasser ofgezaapt krut fir d'Killanlage vun der Schmelz ze fidderen. Dat ass haut eriwwer, awer d'Réier si bliwwen.

No dësen Industrieanlage leeft se erëm e puer honnert Meter fräi bis op d'Héicht vun der Parkplaz nieft dem Gemengenhaus zu Diddeleng. Do verschwënnt se dann erëm an engem Tunnel, fir no ronn 2 Kilometer am Norden hanner Biereng erëm d'Sonn ze gesinn.

Vun do aus leeft d'Diddelengerbaach liicht no Osten op d'Rangéiergare vu Beetebuerg zou. Bis an de 1970er Joren ass se do duerch eng grouss Supp gelaf, wou fir si d'Gesellschaft vun de Mouke méi flott war wéi déi vun den Eisebunnswaggonen elo. Si ass och op der ganzer Längt vum Triage vu Beetebuerg erëm deelweis abetonnéiert, an duerch Beeteburg leeft se och sträppweis an engem Tunnel. Si huet just op deene leschten 300 Meter, éier si, hanner dem Altersheem bei der ARAL-Statioun vu riets an d'Uelzecht leeft, erëm fräie Laf.

No engem Trajet vu ronn 14.5 Kilometer huet se ongeféier 85 Meter Héicht verluer.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Diddelengerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Wou d'Diddelengerbaach an d'Uelzecht fléisst