Premier Empire
De Premier Empire (Éischt Keeserräich) war de Regimm dee vum Napoleon Bonaparte a Frankräich agefouert gouf, fir de Consulat z'ersetzen. D'Keeserräich huet vum 18. Mee 1804[1] bis zum Abrëll 1814[2] gedauert. Nom Napoléon gouf d'Bourbonendynastie nees restauréiert, a gouf nëmmen duerch déi kuerz Episod vun de Cents-Jours vum 20. Mäerz bis 22. Juni 1815 ënnerbrach.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/28/Ingres%2C_Napoleon_on_his_Imperial_throne.jpg/350px-Ingres%2C_Napoleon_on_his_Imperial_throne.jpg)
De Referendum vum 6. November 1804 huet de Passage zum Premier Empire legitiméiert. Den Napoleon Bonaparte huet sech den 2. Dezember 1804 an der Kathedral Notre-Dame zum Keeser ënner dem Titel Napoléon I. gekréint.
Um Spaweck
ännerenCommons: Premier Empire – Biller, Videoen oder Audiodateien |