1988
Joer
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1984 |
1985 |
1986 |
1987 |
1988
| 1989
| 1990
| 1991
| 1992
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1988.
D'Joer 1988 huet op engem Freideg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- 28. August: Zu Ramstein knuppe bei enger Fluchshow 3 Fligeren aneneen, een dovu fält an de Public. 70 Leit, dorënner 3 Piloten, kommen dobäi oder un de Suiten dovun ëm d'Liewen.
Lëtzebuerg
änneren- : Dat neit 1. MeeTermalbad vu Munneref gëtt a Betrib geholl.
- 18. Juni: Den Helleg-Geescht-Tunnel tëscht dem Viaduc an dem Eecher Bierg geet fir de Verkéier op.
- : De 1. JuliCentre national de l'audiovisuel zu Diddeleng mécht seng Diere fir de Publik op.
- : De Grand-Duc 5. DezemberJean an de belsche Kinnek Baudouin maachen d'Autobunn A4/A6 tëscht Lëtzebuerg a Bréissel op.
Afrika
ännerenAmerika
ännerenUSA
änneren- : De 8. NovemberGeorge H. W. Bush gëtt zum 41. President vun den USA gewielt.
Südamerika
änneren- : 5. OktoberBrasilien kritt eng demokratesch Verfassung.
- 11. Dezember: Den éischte Satellit vun der SES, den Astra 1A, gëtt vu Kourou (Guyane) aus mat enger Ariane IV-Rakéit op Orbit geschéckt.
Asien
änneren- 15. Mee: D'Sowjetunioun fänkt domat un, hir Truppen aus dem Afghanistan zeréckzezéien.
Ozeanien & Pazifik
ännerenNoen Osten an Arabesch Welt
änneren- 16. Mäerz: D'irakesch Arméi gräift mat Gëftgas Kurden an Assyrer zu Halabdscha un; et gëtt eng 5.000 Doudeger an 10.000 Blesséierter.
- 20. August: Enn vum Éischte Golfkrich tëscht dem Iran an dem Irak.
- : Zu 2. OktoberSeoul (Südkorea) fänken déi 24. Olympesch Spiller un.
- 16. November: D'Benazir Bhutto gëtt Regierungschefin a Pakistan. Si ass déi éischt gewielte Fra un der Spëtzt vun engem islamesche Staat.
Konscht a Kultur
ännerenMolerei
ännerenLiteratur
ännerenMusek
änneren- 30. Abrëll: D'Céline Dion gewënnt fir d'Schwäiz mam Lidd Ne partez pas sans moi den 33. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Wëssenschaft an Technik
ännerenSport
ännerenFoussball
änneren- D'Jeunesse Esch gewënnt de Lëtzebuerger Championnat an och d'Coupe du Luxembourg am Foussball.
- 27. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Italien.[1]
- 25. Juni: Déi Hollännesch Foussballnationalekipp gewënnt mat 2:0 géint d'Sowjetunioun d'Foussball-Europameeschterschaft 1988.
- 21. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:4 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss.[2]
- 18. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:2 géint Tschechoslowakei.[3]
- 16. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Porto, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:1 géint Portugal.[4]
Gebuer
änneren- 15. Januar: Sonny John Moore, US-amerikaneschen DJ a Museksproduzent.
- 16. Januar: Sarah Schnell, lëtzebuergesch Volleyballspillerin
- 26. Januar: KC Rebell, däitsche Rapper.
- 27. Januar: Liu Wen, chineesescht Mannequin.
- 29. Januar: Jessica Birkel, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- : 1. FebruarNathalie Lamborelle, lëtzebuergesch Vëlossportlerin.
- 11. Februar: Chantal Gary, lëtzebuergesch Politikerin.
- 11. Februar: Martin Müller, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. Februar: Olivier De Castro, lëtzebuergesch Volleyballspiller.
- 15. Februar: Rui Patrício, portugisesche Foussballspiller.
- 18. Februar: Frank Muller, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 20. Februar: Rihanna, Popsängerin vu Barbados.
- 24. Februar: Clayton De Sousa Moreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Februar: Chris Sagramola, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. Februar: Yannick Back, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- : 8. MäerzChristian Bock, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 15. Mäerz: Florent Obdeijn, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 16. Mäerz: Pascale Frising, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 11. Abrëll: Milton Casco, argentinesche Foussballspiller.
- : 4. MeeGérard Geisbusch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. Mee: Alexandra Schoos, lëtzebuergesch Politikerin.
- : 8. JuniSamy Picard, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 22. Juni: Tania Pedrosa, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- Alice Sara Ott, däitsch-japanesch Pianistin. 1. August:
- Fleur Maxwell, lëtzebuergesch Äiskonschtleeferin. 5. August:
- : 5. AugustAnnika Grosser, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- : 9. AugustLiz Schmitz, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 11. August: Stefano Bensi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. August: Cristiana Carvalho, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 21. August: Robert Lewandowski, polnesche Foussballspiller.
- 24. August: Rupert Grint, brittesche Schauspiller.
- 24. August: Maximilian Reinelt, däitsche Rudderer.
- 28. August: Danielle Oesch, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 31. August: David Ospina, kolumbianesche Foussballspiller.
- : 3. SeptemberJérôme Boateng, däitsche Foussballspiller.
- : 4. SeptemberLynn Bei, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- : 8. SeptemberBen Payal, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 3. OktoberAlicia Vikander, schweedesch Schauspillerin.
- : 5. OktoberPol Christophory, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 11. Oktober: Joël Zangerlé, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 13. Oktober: Stefania Falasca, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 28. Oktober: Tom Quintus, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- : 3. NovemberDiane Faber, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- : 6. NovemberTom Neuwirth, éisträichesche Sänger.
- : 6. DezemberSabrina Ouazani, franséisch Schauspillerin.
- : 7. DezemberTommaso Cosanti, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 25. Dezember: Steve Moreira, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 30. Dezember: Jasmine Braun, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
Gestuerwen
änneren- : 3. JanuarGaston Eyskens, belsche Politiker.
- Franz Muxeneder, éisträichesche Schauspiller. 3. Januar:
- : 4. JanuarJos Roller, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- : 7. JanuarMichel Auclair, franséische Schauspiller.
- Trevor Howard, englesche Schauspiller. 7. Januar:
- Paul Mercey, Schwäizer Schauspiller. 7. Januar:
- 26. Januar: Edmond Dune, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- : 2. FebruarMarcel Bozzuffi, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 14. Februar: Ivan Govar, belsche Filmregisseur a Schauspiller.
- 24. Februar: Memphis Slim, US-amerikanesche Bluessänger a -pianist.
- Februar: Cyril V. Jackson, südafrikaneschen Astronom.
- : 7. MäerzGuido Celano, italieenesche Schauspiller.
- 24. Mäerz: Heinrich Aigner, däitsche Politiker.
- 27. Mäerz: Renato Salvatori, italieenesche Schauspiller.
- 30. Mäerz: Edgar Faure, franséische Politiker.
- : 5. AbrëllJoseph Kauffman, lëtzebuergesche Jurist a Banquier.
- : 7. AbrëllLydie Schmit, lëtzebuergesch Politikerin.
- 18. Abrëll: Pierre Desproges, franséischen Humorist, Auteur an Tëlevisouns-Kabarettist.
- 21. Abrëll: I. A. L. Diamond, US-amerikaneschen Dréibuchauteur.
- 26. Abrëll: Guillermo Haro, mexikaneschen Astronom.
- : 1. MeePaolo Stoppa, italieenesche Schauspiller.
- : 3. MeeRoger Dutoit, franséische Schauspiller.
- : 6. MeeAuguste Wampach, lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler.
- 13. Mee: Chet Baker, US-amerikaneschen Jazzmuseker, Sänger a Komponist.
- 15. Mee: Jean-Pierre Hoscheid, lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik a Foussballtrainer.
- 19. Mee: Barbara Laage, franséisch Schauspillerin.
- 22. Mee: Jules Gales, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 9. JuniJoseph Grandgenet, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker
- 27. Juni: Rozel Le Gallais, lëtzebuergesch Tennisspillerin an Olympionikin.
- 11. Juli: Michel Molitor, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 27. Juli: Brigitte Horney, däitsch Schauspillerin.
- : 2. AugustRaymond Carver, US-amerikaneschen Auteur vu Kuerzgeschichten a Gedichter.
- 11. August: Pauline Lafont, franséisch Filmschauspillerin.
- 14. August: Enzo Ferrari, italieeneschen Auto-Pilot a Grënner vun der Autoconstructiounsfirma Ferrari.
- 17. August: Mohammed Zia ul-Haq, pakistanesche Generol a Staatspresident.
- 24. August: Joseph Roeder, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 25. August: Gilbert Gil, franséische Schauspiller.
- : 5. SeptemberHans Albin, däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- Gert Fröbe, däitsche Schauspiller. 5. September:
- : 4. SeptemberGeorges Kayser, lëtzebuergesche Paschtouer an Archeolog.
- 17. September: Hilde Güden, éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.
- 21. September: Walter Vogt, Schwäizer Psychiater a Schrëftsteller.
- : 2. OktoberJean Moulin, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- : 3. OktoberFranz Josef Strauß, däitsche Politiker.
- 11. Oktober: Bonita Granville, US-amerikanesch Schauspillerin a Filmproduzentin.
- 13. Oktober: Melvin Frank, US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 27. Oktober: Erika von Thellmann, éisträichesch-däitsch Schauspillerin.
- 11. November: Carlo Hemmer, lëtzebuergeschen Econom, Editeur an Auteur.
- 27. November: John Carradine, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 6. DezemberRoy Orbison, US-amerikanesche Country- a Rock-Sänger.
- 12. Dezember: Rudolf Schündler, däitsche Schauspiller a Regisseur.
- 18. Dezember: Joseph Maertz, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.
- 26. Dezember: John Loder, englesche Schauspiller.
- 27. Dezember: Hal Ashby, US-amerikanesche Filmregisseur.
Um Spaweck
ännerenCommons: 1988 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 27. Abrëll 1988 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 21. September 1988 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 18. Oktober 1988 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg de 16. November 1988 op der Websäit vun European Football