Kierch Nidderkäerjeng
D'Kierch zu Nidderkäerjeng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Nidderkäerjeng | |||
Par | Kordall Sainte-Barbe | |||
Dekanat | Dekanat Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Willibrord | |||
Konsekratioun | 1982 | |||
Architekt(en) | André Haagen | |||
Baujoer | 1982 | |||
Koordinaten | 49° 34’ 06.5’’ N 05° 54’ 23.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der haiteger Kierch ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt. Bei der vireger Kierch war et den hellege Maximäin.
Se steet an der Rue de la Résistance, dem CR110.
Geschicht
ännerenDéi al Kierch
ännerenVis-à-vis vun der haiteger Willibrorduskierch, do wou haut d'Claus-Cito-Plaz ass, stoung nach bis 1985 déi al Maximäinskierch. Si war 1788 gebaut an 1862 vergréissert ginn. Si war zum Schluss ze kleng. Nom Bau vun der neier Kierch gouf se ofgerappt.
Déi haiteg Kierch
ännerenDéi nei modern Kierch gouf tëscht 1978 an 1982 no Pläng vum Architekt André Haagen vun der Architektegemeinschaft Haagen- Ewert- Jegen gebaut. D'Firma Alleva vu Péiteng war fir de Bau vun der Bëtongskonstruktioun zoustänneg. Den 23. Mee 1982 gouf se vum Bëschof Jean Hengen ageweit.
De Kräizwee
ännerenDe Kräizwee aus Bronz, bei deem d'Kräizdunnen aus réimeschem Travertin gemeesselt goufen, hänkt un der Mauer, déi vis-à-vis vum Altor ass. E staamt vun der Kënschtlerin Bettina Sabbatini.
De Kräizwee, deem seng Statiounen op eng eegewëlleg Manéier ubruecht sinn, besteet aus 15 Deeler.
De Beichtstull
ännerenDe Beichtstull gëtt, wat seelen ass, nach reegelméisseg fir d'Ouerebeicht gebraucht.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Nidderkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Nidderkäerjeng
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Nidderkäerjeng
- D'Fënstere vun der Kierch vun Nidderkäerjeng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit vun Orgues.lu
- Video op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Willibrorduskierch zu Nidderkäerjeng