D'Kierch vu Féngeg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.

Kierch vu Féngeg

Uertschaft / Plaz Féngeg
Par Kordall Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Mathias
Konsekratioun 26. Mäerz 1866
Architekt(en) Antoine Hartmann
Baujoer 1864 - 1866
Koordinaten 49° 36’ 08.8’’ N
      05° 53’ 58.0’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kierch aus nordwestlecher Richtung

D'Kierch ass dem hellege Mathias geweit, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der rue de l'Église an der rue de la Montagne. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Féngeg ass eng Bëschofspar zanter 1846 an eng staatlech Par zanter 1874.

De Bau änneren

Scho beim éischte Bau vu viru 1570 hat d'Kierch als Patréiner den hellege Mathias.

Well dat aalt Gebai ze kleng war, gouf de 24. Juli 1864 de Grondstee fir eng nei Kierch geluecht, déi de 26. Mäerz 1866 vum Käercher Dechen ageseent gouf.

De 24. Dezember 1925 an am Joer 1977 huet de Blëtz an de Kierchtuerm geschloen, dofir gouf deen am Joer 1925, 1978 an och 2003 restauréiert.

D'Architektur änneren

Féngeger Kierch ass eng Halekierch mat dräi Schëffer a véier Jachen. De Chouerraum ass polygonal an d'Verwëllef huet eng Kräizgratform.

Bannenan änneren

Den Altor änneren

Eng Statu vum hellege Mathias steet um barocken Héichaltor.

D'Uergel änneren

D'Uergel gouf 1895 vun der Firma Walcker aus Ludwigsburg gebaut an 1950 vun der Uergelmanufaktur Schilling vu Kruuchten erweidert.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Féngeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur änneren