Schlass Kënzeg

herrschaftlecht Gebai zu Kënzeg
(Virugeleet vu(n) Schlass vu Kënzeg)

D'Schlass vu Kënzeg ass en herrschaftlecht Gebai am Renaissancestil zu Kënzeg. Et ass aus dem 17. Joerhonnert a gouf 2009 renovéiert[1].

Schlass Kënzeg
Kënzeger Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Käerjeng
Plaz Kënzeg
Koordinaten 49°35'53,3"N, 5°52'27,3"O
Baustil Renaissance,
Barock
Statut Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau 1665
Proprietär Pascal Zimmer
Zweck Wunneng

Geschicht änneren

D'Schlass gouf 1665 vum Här vu Kënzeg, dem Johann Ferdinand von Blanchard, baue gelooss. Dobäi gouf en Deel vum Baumaterial vun der Ruin vun engem méi ale Schlass geholl, dat eng 30 Meter niewendru stoung. Fofzeg Joer drop gouf et, nom Goût vun der Zäit, am Barockstil ëmgebaut.

Nodeems e gewësse von Lanser d'Gebai kaaft hat, gouf et 1721 op en Neits ëmgebaut. 1982 huet de Jean Weis et kaaft a bis 2004 dra gewunnt[2].

Den 21. Dezember 2007 gouf et als nationaalt Monument klasséiert, an 2009 waren ëmfangräich Restauréierungsaarbechten ofgeschloss. Zanter dem Summer 2020 ass d'Schlass eng Maison d'hôtes mat 5 Zëmmeren[3].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Le château de Clemency a repris la vie en douceur", L'Essentiel, 9 Abrëll 2009.
  2. "Barockbau mit modernem Ambiente: Schloss Küntzig in neuem Gewand: Keine verstaubte Antiquität, sondern eine gelungene Verbindung von Alt und Neu", Gemengebuet Gemeng Kéinzig. September 2009, Artikel aus dem Luxemburger Wort, 8. Mee 2009.
  3. Château de Clemency: Schlofen tëscht Antiquitéiten a Kuriositéiten (Vakanz Doheem). rtl.lu (28.08.2020). Gekuckt de(n) 30.08.2020.