Paul Dahm

lëtzebuergesche Komponist

De Paul Dahm, gebuer den 30. Dezember 1951 zu Nidderkäerjeng, ass e lëtzebuergesche Komponist a Museker, deen zu Märel wunnt. Hien ass bestuet a Papp vun enger Duechter an zwéi Jongen, vun deenen een de Museker Pit Dahm ass.

Paul Dahm
Gebuer 30. Dezember 1951
Nidderkäerjeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Säi Liewen änneren

Vun 1959 bis 1965, a vun 1969 bis 1977, besicht hien den Escher Conservatoire. Do léiert hie Solfège, Harmonie, Kontrapunkt, Piano, Saxophon, Klarinett a Flütt. Vun 1965 bis 1975 mécht hien Uergel, Harmonie, Kontrapunkt a Musekgeschicht am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

1974 kënnt hien als Saxophonist an d'Militärmusek, wou hien 1978 d'Big Band grënnt. Als Museker huet hie mat praktesch alle Museker an a ville Bands geschafft. Vun 1987 un ass hie Chargé de cours an der Péitenger Musekschoul, wou e Saxophon, Jazz, an Harmoniecoursen hält an eng Big Band opbaut, déi mat vill Succès optrëtt. Vun 1992 un dirigéiert hien déi nei gegrënnt Douane's Musek, fir déi e vill Arrangementer schreift. Hien ass och Grënner an Dirigent vun der Märeler Big Band (2014), a Grënner an Arrangeur vun der Luxembourg Little Big Band.

Säi Wierk änneren

Déi meescht Stécker si vun der Militärmusek opgeholl ginn

  • Happy Marching
  • Buergmarsch (Prix Grand-Duc Adolphe)
  • De Kordallmarsch (2. Präis fir d' 200 Joerfeier vun der Gemeng Péiteng)
  • Accord de Schengen (Prix Grand-Duc Aldophe)
  • Just for Fun
  • Marche des Douanes et Accises
  • D'Kaweechelchen
  • D'Walfer Kasären (Text: Pol Pütz)
  • Famill '94 (Ministère de la Famille)
  • Family of Man (CD Lieux de mémoire et d'avenir Canton Clierf)
  • Wormer Marsch
  • Om Knapp (50 Joer Biwer Musek)
  • Postscriptum
  • De Iuventute (Freedefeier 2004)
  • Marche du 100. anniversaire de la Fanfare Sandweiler
  • Marche Grande-Duchesse Maria-Teresa
  • Lucilinburhuc (100 Joer Merter Musek)
  • Bonnevilla (50 Joer Fanfare Prince-Henri)
  • Aus der Déift, Psalm 130 (Prix d'encouragement Union St. Pie X)
  • Den Här ass mäin Hiert, Psalm 23
  • Eise Papp am Himmel (Vater Unser)
  • Vu Fonken an Äschen (100 Joer Neiduerfer Musek)
  • 100 Jor Stad Déifferdeng (Text: Fränz Goergen)
  • Pësselbuer Suite (125 Joer Fanfare Niederkorn)
  • Kordall Memories (100 Joer Harmonie Municipale Pétange)
  • For Diffwinds (Diffwinds Festival 2010)
  • Millemarsch (50 Joer Fanfare Huncherange-Noertzange-Fennange)
  • Paul Dahm meets Johann Sebastian Bach (Freedefeier 2010)
  • Rippsmarsch (2013)
  • Kompositioune fir Big Band

Iwwer 200 Arrangementer fir Big Band, Sträichorchester, Blosorchester asw. Déi meescht Wierker si beim hollännesche Verlag Bronsheim opgeluecht.

Um Spaweck änneren