D'Gare vu Kënzeg ass eng fréier Gare vun der Atertlinn tëscht der Gare vun Uewerkäerjeng an der Gare vu Koler.

Gare Kënzeg
Streck Atertlinn
PK
Quaien
Gleiser
Uertschaft Kënzeg
Gemeng Käerjeng
Kanton Capellen
Koordinaten 49° 35’ 45.2’’ N
      5° 52’ 48.7’’ O

Gebai änneren

D'Gebai, dat haut nach praktesch a sengem originalen Ausgesinn erhalen ass, huet aus enger Salle d'attente, engem Guichetsraum, engem Wuereschapp an enger Wunneng fir de Chef de gare um éischte Stack bestanen. Bei der Restauréierung gouf den Tiermchen, deen op der rietser Säit am Bild ze gesinn ass, am Stil vun deene vun anere Garen (z.B. Miersch, Walfer) bäigebaut, fir eng Trap dran z'installéieren déi engersäits op den éischte Stack féiert an anerersäits an e Keller an deem Toiletten ënnerbruecht goufen. Déi fréier Trap fir an d'Wunneng, déi tëscht dem Guichetsraum an dem Wuereschapp war, gouf ewechgerappt fir d'Lokaler um Rez-de-chaussée vergréisseren ze kënnen.

Nodeem d'Atertlinn 1967 opgehalen huet mat funktionéiere war d'Wunneng eng Zäit laang verlount an um Rez-de-chaussée hat d'Kënzeger Sektioun vum Foyer de la femme e Raum zur Verfügung.

Bei der Restauratioun koum eng Wiertschaft an déi ënnescht Lokaler, eng iwwerdeckt Terrass gouf op der Säit vun de Gleiser ugeluecht an d'Wunneng gouf an zwee Versammlungsraim fir Kënzeger Veräiner ëmgebaut.

Installatiounen änneren

An der Gare hat déi eespuereg Streck en Auswäichgleis, op deem Zich laanschtenee fuere konnten. Soss gouf et nach e puer Rangéiergleiser, fir bei de Quai vum Wuereschapp an op d'Bascule ze kommen. D'Gleisanlage goufen all ewech gerappt, an hanner der Gare gouf eng Spillplaz amenagéiert, d'Scoute kruten e Chalet gebaut an den Tennisclub huet seng Terrainen do.

Eng ronn 200 Meter vun der Gare ewech stoung an Direktioun Koler e Waassertuerm, als Waasserreserve fir d'Damplokomotiven ze fëllen, a queesch vis-à-vis dovu Baubude fir Rottenaarbechter.

Tëscht der Gare an der Barriär an Direktioun Uewerkäerjeng waren Toiletten an e Vëlosschapp. Ganz am Ufank waren op där Plaz och e puer Ställ. Haut ass do eng Parkplaz.

Kuckt och änneren

Commons: Gare Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien