Vëlospist PC12
Itinéraire cyclable de l'Attert
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Vëlospist PC12, och nach Atertpist, offiziell Itinéraire cyclable de l'Attert, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
D'PC12 an der Géigend vun Äischen | |
Alternativen Numm | Itinéraire cyclable de l'Attert |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Atertpist |
vu(n) | Péiteng |
op | Colmer-Bierg |
Längt | 52,86 km |
déifste Punkt | Colmer-Bierg |
héchste Punkt | Habschter Tunnel |
Land | Lëtzebuerg |
OpenStreetMap | Vëlospist PC12 |
Streck
ännerenD'PC12 ass 52,86 km laang a féiert vu Péiteng op Colmer-Bierg a leeft zu engem groussen Deel iwwer den Tracé vun der fréierer Atertlinn. Den déifste Punkt (203,30 m) ass zu Colmer-Bierg an den héchsten (385,52 m) ass am Habschter Tunnel[2].
Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Péiteng, Uewerkäerjeng, Kënzeg, Grass, Koler, Klengbetten, Hoen, Stengefort, Äischen, Huewel, Näerden, Useldeng, Béiwen-Atert, Biissen, Colmer a Bierg.
Uschlëss un aner Pisten
ännerenD'Atertpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- PC6 (Dräikantonspist) a PC8 (Pist vum Roude Buedem) zu Péiteng,
- PC13 (Pist Nicolas Frantz) zu Hoen,
- PC15 (Uelzechtpist) zu Colmer-Bierg,
- PC17 (Westpist) zu Näerden.
Bemierkungen
ännerenBiller
änneren-
Den Habschter Tunnel
Um Spaweck
ännerenCommons: Vëlospist PC12 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn