Gare Nidderkäerjeng-Suessem

D'Gare vun Nidderkäerjeng–Suessem ass eng Gare vun der CFL-Linn 7 tëscht de Gare vu Schuller a Péiteng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Gebitt vun Nidderkäerjeng, no bei Suessem.

Gare Nidderkäerjeng-Suessem
Streck 7
PK 3,458
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Nidderkäerjeng
Gemeng Käerjeng
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 33’ 30’’ N
      5° 55’ 29’’ O
Websäit CFL.lu

D'Linn 7 féiert vu Lëtzebuerg bis op Péiteng vu wou et op der Linn 6 weider geet bis op Rodange a weider op d'belsch Grenz. Vu Rodange aus gëtt et Verbindungen op Attem, Virton a Lonkech.

Aktuell Situatioun änneren

Se läit op enger Héicht vun 309 Meter, um Kilometerpunkt 3,458 vun der Linn 7 vu Lëtzebuerg op Péiteng.

Geschicht änneren

D'Gare vu Käerjeng ass den 8. September 1900 vun der Direction générale impériale des chemins de fer d'Alsace-Lorraine opgemaach ginn.

Tëscht 2008 an 2009 gouf d'Gare wéinst dem Ausbau op zwee Gleiser, komplett ëmgebaut. Dat aalt Gebai vun der Gare gouf ewechgerappt, d'Barriär um CR110 gouf ewechgerappt, an op der Plaz wou dat fréiert Gebai vun der Gare stoung gouf eng Bréck iwwer d'Strooss gebaut.

Service Clientèle änneren

Empfang änneren

D'Gare huet kee Receptiounsgebai. Fir Schutz géint de Reen ass gesuergt mat verschiddene Plazen déi een Dach ubidden. Et gëtt e gratis Park & Rail-Parking mat 241 Parkplazen a 4 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Nieft der Gare ass och eng Bus-Gare.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Schuller   RB
CFL-Linn 70 
  Péiteng Attem
Lëtzebuerg Dippech-Recken   RE
CFL-Linn 70 
  Péiteng Rodange
oder Lonkech

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Nidderkäerjeng-Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien