Brauereien zu Lëtzebuerg

Déi 33 aktiv Brauereien zu Lëtzebuerg hunn 2019 ronn 288.000 Hektoliter Béier produzéiert[1].

D'Gebai vun der Brasserie de Luxembourg zu Dikrech
E puer lëtzebuergesch Béiermarken (2017)
Reklamm fir de Lëtzebuerger Béier vun 1965
Lëtzebuerger Béier (1965) (2).jpg

2018 goufen 33 % (94.000 hl) vun der nationaler Béierproduktioun exportéiert, iwwerdeems 80 % vum Béier deen zu Lëtzebuerg gedronk gouf (370.000 hl), importéiert ginn ass. D'Consommatioun louch am selwechte Joer bei 69 l op de Kapp[1].

Haut gëtt et zu Lëtzebuerg nieft dräi groussen industrielle Brauereien zu Wolz, zu Dikrech, an zu Nidderkäerjeng och nach e puer Mikrobrauereien, déi ronn 2 % vun der nationaler Produktioun ausmaachen[2].

Déi Wëlzer an déi Dikrecher Brauerei hunn e Musée iwwer d'Brauwiesen zu Lëtzebuerg opgemaach.

D'Patronatsorganisatioun vun de Brauer a Brauereien zu Lëtzebuerg ass d'Confédération des brasseries et des brasseurs du Luxembourg.

GeschichtÄnneren

Zur Zäit vum Zollveräi goufen et zu Lëtzebuerg nach 45 Brauerei. Zesummen hu se 15.000 hl Béier produzéiert. Bei de meeschten huet et sech ëm kleng Brauereie gehandelt. Vill sinn der verschwonnen oder hu fusionéiert, fir kënnen z'iwwerliewen. D'Konkurrenz vum niddergärege Béier, deen am Zollveräin aus Däitschland importéiert ginn ass, huet d'Brauereien dozou bruecht, hir Produktioun op niddergärege Béier ëmzestellen. Dunn ass hir Produktioun eropgaangen a war 1860 mat 30.000 hl duebel sou héich wéi 1840.

1872 waren nach 32 Brauereien zu Lëtzebuerg an 1879 waren et der nach 22[3]. D'Fusiounswell ass awer virugaangen. 1900 hunn nach 12 Brauereie bestanen, si hunn iwwer 180.000 hl Béier gebraut. Nom Paul Weber, fréieren Direkter vun der Handelskummer, hu se dunn 250 Aarbechter an 200 Päerd beschäftegt.

2001 huet d'EU-Kommissioun Geldstrofe vun am Ganze 448.000 Euro géint dräi deemoleg Brauereie verhaangen: d'Brasserie nationale, d'Brasserie de Wiltz an d'Brasserie Battin. Si haten tëscht 1985 an 2000 e Kartell forméiert fir sech de Maart vum Béier zu Lëtzebuerg ze deelen a sou ze verhënneren, datt auslännesche Béier an d'Land kënnt. Déi véiert Brauerei aus dem Kartell, d'Brasserie de Luxembourg, krut keng Geldstrof well se déi aner bei der EU-Kommissioun verroden huet[4].

2013 hunn d'Brauereien zu Lëtzebuerg eng 360 Leit beschäftegt an en Total vun 289.270 Hektoliter produzéiert. Par Rapport zu 2012 ass dat e Réckgang vu 4,50 % (oder enger 13.300 hl)[5]. Am Joer 2000 louch d'Produktioun nach bei 440.000 Hektoliter. Si produzéieren 9 verschidde Marken, mat am Ganzen 33 verschiddenen Zorte Béier[5].

D'Brauereien a Clausen[6]Änneren

De haitege Quartier Clausen an der Stad Lëtzebuerg gëtt gären als „Wéi vun der Lëtzebuerger Braukonscht“ bezeechent.

KlouschterbrauereiÄnneren

Den éischte Béier zu Lëtzebuerg gouf ëm 1300 an der Almënsterabtei a Clause gebraut. D'Pateren hunn op hire Stécker Fruucht a méi spéit och Happ ugebaut dee se gebraucht hu fir Béier ze maachen. D'Käre sinn an de Mille laanscht der Uelzecht gemuel ginn.

Wéi d'Klouschter no 1543 zerstéiert gouf, si just d'Millen an d'Brauerei laanscht der Uelzecht stoe bliwwen. D'Recht fir ze muelen an ze brauen ass vun de Pateren a Privathänn gefall an et gouf weiderhin a Clause Béier gebraut.

MouselÄnneren

De 17. Dezember 1825 ass de Michel Mousel-Mousel Proprietär vun der Brauerei ginn. No sengem Doud (1845) huet säi Fils Jacob se geierft.

D'Brauerei déi mëttlerweil ënnert dem Numm « Brasserie française et à vapeur Mousel-Trierweiler » fonctionéiert huet, gouf nodeems de Jacob 1856 gestuerwe war, vu sengem eelste Bouf a spéidere Buergermeeschter vun der Stad, Émile Mousel iwwerholl.

Den Albert Mousel, en anere Brauer a Clausen a Brudder vum Émile, huet 1885 mat sengem Brudder fusionéiert an esou ass d'« Brasserie Mousel Frères » entstanen. Nom Doud vum Albert huet de Numm nees changéiert an d'Brauerei ass bis 1911 als « Brasserie Emile Mousel & Cie » weidergefouert ginn, ier se dunn d'« Brasserie de Luxembourg » ginn ass.

D'« Brasserie de Luxembourg » hirersäits huet am Laf vun de Jore follgend Brauereien iwwerholl:

  • 1914 d'« Brasserie Funck-Nouveau » am Pafendall;
  • 1951 d'« Brasserie d'Eich » (Wëlle Mann);
  • 1956 d'« Brauerei Gruber » vu Wolz;
  • 1969 d'« Brasserie d'Esch » (fréier Brauerei Buchholtz)

ier se dunn 1971 mat der « Brasserie de Clausen » fusionéiert huet. Aus der Fusioun ass schlussendlech d'SA « Brasseries Réunies de Luxembourg Mousel et Clausen » entstanen.

D'Gebaier vun der « Brasserie de Clausen » sinn 1985 ofgerappt ginn.[7]

Mansfeld-BrauereiÄnneren

Wéi dem Mansfeld säi Schlass zerstéiert gouf, ass just d'Brauerei stoe bliwwen. D'Gebai ass bis zur Franséischer Revolutioun vum Däitschen Uerde benotzt ginn. 1757 huet den Hubert Thyes et gelount.

Nodeems dem Däitschen Uerde seng Gebailechkeeten an der Zäit vun Directoire zum Bien national deklaréiert goufen, sinn se den 19. Juni 1798 fir 1.400.500 francs un den Henri Thyes verkaaft ginn. Dee konnt déi gefrot Zomm awer net opdreiwen an d'Gebai koum 1800 op en neits an d'Stee. Déi Kéier huet dem Henri säi Bouf, Michel Thyes, et fir 303.000 francs kaaft. Méi spéit huet dem Michel säi Fils François et geierft. Nom fréien Doud vum François (18xx) huet seng Wittfra Odile Erdmer sech fir zweet bestuet, an zwar mam Brauer Philippe Funck, Fils vum Brauer Henri Funck-Linden aus dem Gronn. Zesummen hunn sinn 1850[8] d'„Brauerei Funck-Erdemer“ gegrënnt.

Brasserie du ParcÄnneren

Et gouf um Terrain vum fréiere Mansfeld-Schlass nach eng weider Brauerei. Se stoung nieft der Kierch, ongeféier do, wou haut d'Rue de la Malterie ass.

Am Joer 1656 gouf se vum Dominique Feller bedriwwen. Méi spéit, uganks vum 19. Joerhonnert huet se der Famill Duchamps gehéiert.

1824 gouf d'« Brassereie du Parc » vum Nicolas Funck iwwerholl a méi spéit vu Pierre Funck-Duchamps. Déi Zwéi ware d'Bouwe vum Grënnesche Brauer Henri Funck-Linden. Nodeems de Pierre a Pensioun goung, huet hien dem Albert Mousel-Knebgen, Brudder vum Émile Mousel, d'Brauerei verlount. 1885 huet den Albert d'Brauerei opginn a mat sengem Brudder fusionéiert.

Au Jardin de ScheitlerÄnneren

An der Lëscht vun de Clausener Awunner vun 1836 gëtt nach en anere Brauer opgezielt, e gewëssenen Zimmer-Wurth. Hien huet am Scheitlesch Gaart gebraut, ier e seng Brauerei 1840 zougemaach huet.

Brauerei LooséÄnneren

Eng kuerz Zäit laang – an der Zäit ëm 1880 – gouf et nach d'Brauerei Loosé, déi an engem Hannerhaff bei der aler Uelzechtbréck fonctionéiert huet.

Aktuell BrauereienÄnneren

Industriell a MikrobrauereienÄnneren

Brauerei Kategorie Uertschaft Bemierkung
Luxembourg, Brasserie de industriell Dikrech gouf 1871 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Dikrech. Si braut d'Marken „Diekirch“ a „Mousel“. 2002 gouf si vun der belscher Interbrew opkaaft, déi spéider an der weltwäit gréisster Brauereisgrupp Anheuser-Busch InBev opgaangen ass. Si huet 2010 proposéiert, d'Produktioun vun de lëtzebuergesche Béierzorten um Dikrecher Site anzestellen an an d'Belsch ze verleeën. Dëse Plang konnt awer verhënnert ginn
Nationale, Brasserie industriell Nidderkäerjeng 1975 zu Nidderkäerjeng aus der Fusioun vun de Brauereie Bofferding a Funck-Bricher entstanen; 2004 koum nach d'Brasserie Battin derbäi; braut d'Marke „Bofferding“ a „Battin“[9]
Simon, Brasserie industriell Wolz déi klengst vun den dräi grousse Brauereien. De Familljebetrib gouf 1824 zu Wolz gegrënnt a produzéiert d'Marke „Simon Pils“ an zanter 2007 „Okult“, nodeems se d'Ourdaller Brauerei iwwerholl huet[10]
Béierhaascht, Brasserie mikro Nidderkäerjeng Mikrobrauerei vu Käerjeng, déi d'Mark „Béierhaascht“ braut[11]
Den Heischter mikro Heischent 2008 gegrënnt; braut d'Marken „Den Heischter“ a „Mockelchen“[12]
Echternacher Brauerei mikro Bech 2016 gegrënnt, braut den „EB Hellen“ an der aler Gare zu Bech[13]
Fox Beer mikro Lëtzebuerg 2016 gegrënnt; produzéiert Béier mat niddrege Kalorien- a Kuelenhydratwäerter[14]
Grand Brewing Luxembourg mikro Lëtzebuerg 2014 als Capital City Brewing Co vun engem Neiséilänner gegrënnt, 2016 an Grand Brewing Luxembourg ëmgenannt. Huet d'Marke „Red Bridge Amber Ale“, „Satellite I.P.A.“, „Golden Lady Pilsner“ a „Black Jack Porter“[15] produzéiert; aktuell drop spezialiséiert fir Béier a Béchsen ze fëllen[16].
Lëtzebuerger Stad Brauerei mikro Lëtzebuerg-Clausen produzéiert zënter 2007 de Béier „Clausel“ a Clausen[17]
Ourdaller Brauerei mikro Hengescht Mikrobrauerei, déi den „Ourdaller Wäissen“ an „Ourdaller Wëllen“ produzéiert. Si gouf 2006 vun der Brasserie Simon opkaaft, mä d'Produktioun leeft weider um Cornelyshaff zu Hengescht[10]
Stuff Brauerei mikro Steesel 2015 gegrënnt; produzéiert d'Marken „Black Widow“, „Knights in White Satin“, „Revolution IPA“, „Grande Ducale“, „Zingy“, „Mellis“, „Brewing Botanist“, „Kropemann Apple“, „Mary Jade“[18]

Fréier BrauereienÄnneren

 
D'Gebai vun der fréierer Mouselsbrauerei a Clausen
 
D'Gebai vun der Brasserie Henri Funck am Neiduerf (2012), dat haut ofgerappt ass
 
Déi fréier Brauerei De Lannoy zu Klierf
 
Déi fréier Diddelenger Brauerei
Brauerei Uertschaft Bemierkung
Apel Ettelbréck keng Detailer bekannt[19]
Artisanale de Redange, Brasserie Réiden op der Atert huet vun 1999 bis 2006 existéiert[20],[21]
Assel-Koll Konsdref keng Detailer bekannt[22]
Atten J. P. Ettelbréck keng Detailer bekannt[23]
Battin Esch-Uelzecht 1937 gegrënnt; uganks 200er Jore vun Brasserie Bofferding opkaaft[24]
Bavaroise, Société de brasserie Dikrech 1880 iwwerholl vun der « Union industrielle des Deux-Luxembourg »[25]
Bernard Joseph Lëtzebuerg-Lampertsbierg 1910er Joren; D'Marque Brasserie du Limpertsberg gouf 1913 vum Joseph Bernard ugemellt[26]
Bernhard von Metzenhausen Buerglënster
Beving-Molitor Lëtzebuerg-Gronn
Bofferding Nidderkäerjeng 1975 mat der Brasserie Funck-Bricher zur Brasserie nationale fusionéiert[27]
Brems N. Iechternach 1870er Joren; weider keng Detailer bekannt[28]
Claudon Ettelbréck keng Detailer bekannt[29]
Clausen, Brasserie de Lëtzebuerg-Clausen 1563 vum Péiter Ernest vu Mansfeld gegrënnt[30], Brasserie du Prince de Mansfeld, 1850 Funck - Erdner[8], 1920 Brasserie de Clausen[31]. Weider Detailer ënnert „D'Brauereien a Clausen – Mousel“ am Kapitel hei driwwer.
Cornely L. Hengescht
Deloos-Klein Lëtzebuerg-Hollerech 1866 versteet[32]
De Lannoy, Brahaus Klierf 1731 gegrënnt, géint 1850 Produktiounsstop[33]
Diekirch, Brasserie par actions de Dikrech 1871 gegrënnt; hautdesdaags an der Brauereisgrupp Anheuser-Busch InBev dran[34]
Diener N. Rouderssen
Dieschburg Iechternach 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt[35]
Dondelinger P. Bettenduerf keng Detailer bekannt[36]
Drüssel Dikrech 1724 gegrënnt; 1871 vun der « Brasserie par actions de Diekirch » iwwerholl[37]
Dudelange, Brasserie de Diddeleng huet tëscht 1937 an 1964 existéiert[38]
Duprel Ierpeldeng[39] keng Detailer bekannt[40]
Duscherer-Lies Réiden op der Atert
Erpelding Josef Baptist Iechternach 1840er Joren; weider keng Detailer bekannt[41]
Eich, Brasserie d' Lëtzebuerg-Eech 1728 gegrënnt, 1861 vum Théodoire Gansen iwwerholl[42], 1951 vun der Mousels Brauerei iwwerholl; 1958 ofgerappt[43]
Esch, Brasserie d' Esch-Uelzecht 1894 als Brauerei Buchholtz gegrënnt, 1934 a Brasserie d'Esch ëmbenannt, 1969 Produktiounsstop[44]
Esconnier-Molitor Martin Lëtzebuerg-Gronn 1688 am Biisserwee gegrënnt, 1825 zougemaach[45]
Everling August Iechternach 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt[46]
Felten Adolf Ettelbréck keng Detailer bekannt[47]
Föhr J. Iechternach 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt[48]
François M. Wolz
Funck-Bricher Lëtzebuerg-Gronn 1764 gegrënnt, 1975 mat Bofferding fusionéiert[49]
Funck-Dumoulin Déifferdeng keng Detailer bekannt[50]
Funck-Erdemer Lëtzebuerg-Clausen Mansfeld-Brauerei
Funck-Nouveau Lëtzebuerg-Pafendall
Funck Henri Lëtzebuerg-Neiduerf 1864 gegrënnt, 1982 vun de Brasseries Réunies de Luxembourg, Mousel et Clausen opkaaft, 1983 Produktiounsstop[51]
Gaasch Konsdref 1828 gegrënnt[52]
Gansen-Fisch Théodore Fiels Grënnungsdatum net bekannt, huet 1861(?) d'Brasserie d'Eich iwwerholl[42]
Glaesener Ch. Groussbus keng Detailer bekannt[53]
Gräfliche von Berlaimont'sche Bierbrauerei Klierf
Greisch-Keller N. Esch-Sauer keng Detailer bekannt[54]
Grill J. Rëmeleng
Gruber Wolz 1838 gegrënnt, 1956 vun der Brasserie Mousel opkaaft ginn, 1969 Produktiounsstopp[55]
Gruber A. Veianen
Grünewald Hesper 1790er Joren, weider keng Detailer bekannt[56]
Herkmann Ettelbréck keng Detailer bekannt[57]
Hochmuth N. Lëtzebuerg-Pafendall
Hollerich, Brasserie de Lëtzebuerg-Hollerech 1853 gegrënnt, 1903 Faillite[58]
Hontheim J. Dikrech 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt[59]
Huber-Steffens L. Iechternach Produktioun bis géint 1871[60]
Ketzer Carl, Baierische Bierbrauerei Iechternach 1880er Joren; weider keng Detailer bekannt[61]
Kirpach J. Mompech keng Detailer bekannt[62]
Klein J. B. Fréiseng 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt[63]
Kleyer Franz Hesper uganks 19. Joerhonnert[64]
Knepper Peppeng
Koch S. Useldeng
Koch W. Veianen
Kries & Kilp Iechternach keng Detailer bekannt[65]
Kron H. Gréiwemaacher 1850er Joren; weider keng Detailer bekannt[66]
Limpach Lëtzebuerg
Loosé Lëtzebuerg-Clausen ëm 1880[67]
Meder-Gengler[68] Ettelbréck keng Detailer bekannt[69]
Molitor J. P. Sandweiler
Moser André Dikrech Produktioun bis viru Mäerz 1880[70]
Mousel Lëtzebuerg-Clausen 1825 gegrënnt, 2000 an der Brasserie de Luxembourg opgaang[71]
Neumann Wäiswampech
Pastoret Antoine Biissen 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt[72]
Printz
Remacle Jean Hesper 1780er Joren an der Hesper Bannmillen[73],[74]
Schlesser Biebereg 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt[75]
Schmit-Gengler Jean-Pierre Ettelbréck 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt[76]
Schneiders Nic Iechternach 1870er Joren; weider keng Detailer bekannt[77]
Schroeder J. Biekerech keng Detailer bekannt[78]
Schweisthal François Biebereg ëm 1834 gegrënnt[79]
Servais Philippe Miersch 1792 gegrënnt, weider keng Detailer bekannt[80]
Steichen Nicolas Fiels 1870er Joren, 1890 zou gemaach, 1893 vun der Dikrecher Brauerei iwwerholl[81]
Steinborn M. Dikrech keng Detailer bekannt[82]
Thiel Iechternach keng Detailer bekannt[83]
Thinnes Mathias Nidderaanwen 1858 verkaaft[84]
Treinen F. Uewerkäerjeng an der Uewerkäerjenger Millen, gouf 1864 verkaaft[85]
Tschiderer Arnould Fiels 1850er Joren, 1890 Produktioun agestallt[81]
Wantz / Mathay Angelduerf keng Detailer bekannt
Weydert-Linden Nicolas Fiels 1860er Joren; weider keng Detailer bekannt[86]
Witry Michel Iechternach 1870er Joren; weider keng Detailer bekannt[87]
Würflinger J. Dikrech 1890er Jore bis uganks 1910er Joren; virdrunn M. Wolfsteiner[88]
Zimmer-Wurth Lëtzebuerg-Clausen Au Jardin de Scheitler, gegrënnt 1836[89]
(Verschidde Brauereien, vun deenen den Numm net bekannt ass) Buerglënster, Buerschent, Munneref, Réimech, Simmer

Happ a Malz, Rollefaxen a Brauereispäerd am SproochgebrauchÄnneren

Ausdréck aus dem Brauwiese fanne mer am Lëtzebuerger Sproochgebrauch.

  • Vun engem, dee näischt bäiléiert heescht et: Bei deem ass Happ a Malz verluer,
  • Ënner engem Rollefax, dee fréier de Béier nach mat engem Päerdsgespan geliwwert hunn, stellt ee sech een décke Mann vir, meeschtens ee mat engem Béierbauch,
  • A vun engem Meedche mat engem gudden Hënner heescht et: Hat huet een Aarsch wéi e Brauereispäerd.

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Brauereien zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. 1,0 1,1 The Brewers of Europe Members - Beer Statistics and contact details - luxembourg. brewersofeurope.org. Gekuckt de(n) 2021-05-21.
  2. (en)The Contribution made by Beer to the European Economy – EU Report - March 202. brewersofeurope.org. Gekuckt de(n) 21.05.2021.
  3. Der Zollanschluss des Grossherzogtums Luxemburg an Deutschland (1842 - 1918) vum Albert Calmes S. 188
  4. Site vun der EU-Kommissioun: IP/01/1740 - Kommission verhängt Geldbußen gegen luxemburgische Brauereien (5. Dezember 2001)
  5. 5,0 5,1 wort.lu: La Brasserie Nationale ne peut pas se plaindre (25. Februar 2014, 15:24).
  6. Quell vum Kapitel: Robert Bassing, Clausen – Cité de la Bière; kuck Um Spaweck
  7. industrie.lu: industrie.lu - L'histoire industrielle du Luxembourg, et au-delà - industrie.lu, accessdate: 19 May 2021
  8. 8,0 8,1 L'histoire industrielle du Luxembourg, et au-delà - industrie.l. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  9. Brasserie - Brauerei Bofferding, Bascharage - industrie.lu. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  10. 10,0 10,1 Brasserie - Brauerei - Simon, Wiltz - industrie.lu. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  11. Brasserie Béierhaascht Käerjeng - Bascharage. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  12. Brasserie den Heischter, Heischent - Heiderscheid. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  13. La bière se fait mousser: Chambre de Commerce. www.cc.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  14. (en)Fox Drinks Luxembourg. www.foxdrinks.lu. Gekuckt de(n) 19.05.2021.
  15. Capital City Brewing Co, Luxembourg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  16. (fr)Service mobile de mise en canette. www.grandcanning.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-21.
  17. Lëtzebuerger Stad Brauerei CLAUSEL, Luxemburg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  18. (en)Stuff Brauerei – Independent Brewery. www.stuff-brauerei.lu/. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  19. Brasserie - Brauerei Apel, Ettelbréck - Ettelbrück - Ettelbruck. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  20. Okult - Brasserie Artisanale de Redange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  21. Brasserie Artisanale de Redange. www.biernet.nl. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  22. Brasserie - Brauerei Assel - Koll, Consdorf. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  23. Brasserie - Brauerei Atten J.P., Ettelbréck - Ettelbrück - Ettelbruck. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  24. Brasserie - Brauerei Battin, Esch/Alzette - industrie.lu. industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  25. Société de Brasserie Bavaroise à Diekirch. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  26. Brasserie du Limpertsberg - Joseph Bernard, Luxembourg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  27. Brasserie Bofferding op industrie.lu; gekuckt den 3. Januar 2017)
  28. Brasserie - Brauerei Brems, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  29. Brasserie - Brauerei Claudon, Ettelbréck - Ettelbrück - Ettelbruck. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  30. Brasserie - Brauerei Clausen. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  31. Brasserie - Brauerei Clausen. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  32. Brasserie - Brauerei Deloos, Hollerich. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  33. Brahaus - Brasserie de Lannoy, Clervaux. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  34. Brasserie de Diekirch - Brauerei Diekirch - industrie.lu. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  35. Brasserie - Brauerei Dieschburg, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  36. Brasserie - Brauerei Dondelinger P., Bettenduerf - Bettendorf. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  37. Brasserie de Diekirch - Brauerei Diekirch - industrie.lu. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  38. Brasserie de Dudelange op industrie.lu; gekuckt de 4. Januar 2017)
  39. net gewosst ëm wat fir en Ierpeldeng et sech handelt
  40. Brasserie - Brauerei Duprel, Erpeldange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  41. Brasserie - Brauerei Erpelding, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  42. 42,0 42,1 Brasserie - Brauerei Gansen Théodore, Fiels - Fels - Larochette. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  43. Brasserie Funck -Bricher. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  44. Brasserie d'Esch op industrie.lu; gekuckt den 3. Januar 2017)
  45. Brasserie Esconnier - Molitor, Grund - Luxembourg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  46. Brasserie - Brauerei Everling Auguste, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  47. Brasserie - Brauerei Felten Adolphe, Ettelbréck - Ettelbrück - Ettelbruck. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  48. Brasserie - Brauerei Foehr Jos., Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  49. Brasserie - Brauerei Funck - Bricher, Grund - Luxembourg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  50. Brasserie - Brauerei Funck - Dumoulin, Déifferdeng - Differdingen - Differdange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  51. Brasserie Henri Funck op industrie.lu; gekuckt den 3. Januar 2017)
  52. Brasserie - Brauerei Mersch - Gaasch, Consdorf. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  53. Brasserie - Brauerei Glaesener Ch., Grosbous. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  54. Brasserie - Brauerei Greisch / Keller - Brauhaus, Esch/Sauer. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  55. Brasserie - Brauerei Gruber, Wiltz. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  56. Brasserie - Brauerei Grünewald Jean, Hesper - Hesperingen - Hesperange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  57. Brasserie - Brauerei Herkmann / Herckmann / Herckmans (?), Ettelbréck - Ettelbrück - Ettelbruck. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  58. Brasserie d'Hollerich - Brauerei Hollerich. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  59. Brasserie - Brauerei Hontheim, Diekirch. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  60. Brasserie - Brauerei Huber - Steffens, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  61. Baierische Bierbrauerei Ketzer C., Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  62. Brasserie - Brauerei Kirpach J.., Mompech - Mompach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  63. Brasserie - Brauerei Klein, Frisange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  64. Brasserie - Brauerei Kleyer Franz, Hesper - Hesperingen - Hesperange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  65. Brasserie - Brauerei Kries, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  66. Brasserie - Brauerei Kron, Grevenmacher. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  67. Brauerei Loosé, Clausen. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  68. oder Meder-Gaengler
  69. Brasserie - Brauerei Meder - Gaengler, Ettelbréck - Ettelbrück - Ettelbruck. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  70. Brauerei André Moser, Diekirch. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  71. Brasserie Mousel op industrie.lu; gekuckt den 3. Januar 2017)
  72. Brasserie - Brauerei Pastoret Antoine, Biissen - Bissen. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  73. Brasserie - Brauerei Remacle Jean, Hesper - Hesperingen - Hesperange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  74. Wussten Sie schon,... (aus: Buet 06 / 2014 / N°18). www.gfhesper.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  75. Brasserie - Brauerei Schlesser, Préizerdaul - Bettborn. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  76. Brasserie Jean-Pierre Schmit - Gengler, Ettelbruck. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  77. Brasserie - Brauerei Schneiders, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  78. Brasserie - Brauerei Schroeder J., Beckerich. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  79. Brauerei Schweisthal, Echternach - Ettelbrück - Bettborn. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  80. Brasserie - Brauerei Servais Philippe, Mersch. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  81. 81,0 81,1 Brasserie Sinner - Steichen, Fiels - Fels - Larochette. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  82. Brasserie - Brauerei Steinborn M., Dikrech - Diekirch. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  83. Brasserie - Brauerei Thiel, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  84. Brauerei Mathias Thinnes, Niederanven. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  85. Uewerkäerjenger Millen - Oberkerschener Mühle - Moulin de Hautcharage. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  86. Brasserie - Brauerei - Distillerie Weydert - Linden Nicolas, Fiels - Fels - Larochette. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-19.
  87. Brasserie - Brauerei Michel Witry, Echternach. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  88. Brauerei Wolfsteiner / Würflinger, Diekirch. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.
  89. Brasserie - Brauerei Zimmer - Wurth Mathias, Clausen. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-18.