Mompech

lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech

Mompech (lokal: Mompich[2]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech am Kanton Iechternach.

Mompech
Mompich
Loftopnahm vu Mompech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Mompach
de: Mompach
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Rouspert-Mompech
Buergermeeschter Stéphanie Weydert
Awunner 250[1]
  02.01.2018
Koordinaten 49° 45’ 05’’ N
      06° 27’ 49’’ O

Bis Enn 2017 war et den Haaptuert vun der Gemeng Mompech. Op den 1. Januar 2018 huet dës mat der Gemeng Rouspert fusionéiert.

Geographie änneren

Mompech läit ongeféier zwéin an en hallwe Kilometer vun der Sauer ewech op engem schife Plateau ënner der Kopp vum Pafebierg a béidsäiteg vum Dall vun der Kléngelbaach.

Mompech ass am Süden, am Westen an am Norde vu grousse Bëscher agegrenzt.

Geschicht a soss nach aner Saachen änneren

D'Uertschaft gouf an der eelster bis haut erhalener Quell 1220 als Mombach ernimmt. Méi spéit fënnt een d'Schreifweisen Mainpach (1363) a Mampach (1400)[3].

Hir Grënnung schéngt op d'Réimerzäit zeréckzegoen, wou do d'Strooss erop op d'Schanz vun där vun Iechternach op Waasserbëlleg ofgezweigt ass. 1970 goufe Reschter vun enger réimescher Villa ausgegruewen. Och am Bësch um Pafebierg goufe réimesch Iwwerreschter fonnt.

Vum 15. Joerhonnert bis un d'Enn vum 18. waren déi weltlech Häre vu Mompech déi vu Fiels, Lelleg, Branebuerg an deenen hir Nokommen, déi vu Betteng a Schuwenburg.

1656 gouf et just nach 6 Stéit am Duerf, virum Drëssegjärege Krich waren et der nach 10 gewiescht.

An den 1970er Jore goufen op de Floueren Op der Kopp an An der Uecht Eefamilljenhaiser gebaut; zanter den 1990er Joren ass et um Flouer Redt.

Obscho Mompech nëmmen an déi honnert Awunner huet, ass et awer de Sëtz vun der Gemeng. D'Gemengenhaus ass zanter 2018 am ale Paschtoueschhaus, dat 1990 komplett restauréiert gouf. Aus där Zäit ass och de klenge Weier nobäi, wou eng Skulptur vun engem Fräsch steet (d'Symbol vum Duerf).

Um Pafebierg sti véier grouss Wandrieder déi Stroum maachen (jiddwereent mat 500 kW). Et waren dëst déi éischt déi zu Lëtzebuerg opgeriicht goufen a si maache genuch Stroum fir 4.400 Stéit ze beliwweren.

Literatur änneren

  • Evy Friedrich: "Mompach". In: Revue. Letzeburger Illustre'ert Nr. 44, 1973, S.36-40.

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mompech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Nombre d'habitants au 02.01.2018" op rosportmompach.lu.
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S367-368.