Brasserie Simon

Brauerei zu Wolz

D'Brasserie Simon ass eng lëtzebuergesch Brauerei mat Sëtz zu Wolz. Si produzéiert d'Béiermarke "Simon", "Ourdaller" an "Okult".

Brasserie Simon
E Gebai vun der Brauerei Simon zu Wolz
Typ s.à.r.l.[1]
Grënnungsdatum 1824
Sëtz 14 rue Joseph Simon
L-9550 Woltz
Lëtzebuerg
Leedung Betty Fontaine (Direktesch)
Mataarbechter 27[2]
Produit Béier
Homepage www.brasseriesimon.lu

Geschicht änneren

D'Brasserie Simon gouf am Joer 1824 vum Wëlzer Gierwer Georges Pauly gegrënnt, dee sech mat der Anne-Cathérine Simon bestuet hat. Sou koum d'Brauerei un den Numm "Simon". Eng 15 Joer drop huet de Pauly d'Brauerei verkaaft.
1891 gëtt d'Brauerei versteet, an de Jules Simon, zesumme mam Charles Mathieu, steet se fir 45.000 Frang. Domat war d'Famill Simon nees dobäi.
Vun 1906 bis 1954 féiert de Jules Simon d'Firma eleng. Duerno iwwerhëlt d'Jacqueline Simon, seng eenzeg Duechter, d'Brauerei.
Hire Jong, de Jacques Fontaine huet 1975 d'Geschäft iwwerholl an deelt d'Féierung zanter 2001 mat senger Duechter Betty Fontaine.

D'Brauerei haut änneren

 
E Gebai vun der Brauerei Simon

Zanter dem 1. Januar 2006 geréiert d'Mammegesellschaft Brasserie Simon S.à r.l. zwou Ënnergesellschaften

  • Brasserie Simon Participation & Cie S.e.c.s. an
  • Brasserie Simon Exploitation & Cie S.e.c.s.

Den 30. Mäerz 2006 gouf d'Gesellschaft Ourdaller Brauerei gegrënnt, eng S.à.r.l. an där d'Brasserie Simon Participation & Cie S.e.c.s. zu 100 % Aktionär ass. De Sëtz vun der neier Gesellschaft ass um Cornelyshaff zu Hengescht, wou den Ourdaller produzéiert gëtt, an iwwer d'Simons Brauerei ausgeliwwert gëtt.

D'Brauerei huet haut (2017) 27 Mataarbechter a produzéiert ënner dräi Marken néng Zorte Béier. Pro Joer ginn zirka 17.000 Hektoliter Béier gebraut.

Béier änneren

  • Simon Pils 4,8 % vol.
  • Simon Régal 5,5 % vol.
  • Simon Dinkel 4,5 % vol. mat Spelz gebraut
  • Simon Noël 7,0 % vol. donkele Béier
  • Simon Bio 4,8 % vol.
  • Simon IPA[3], zanter Dezember 2015 an ausgewielte Caféen ugebueden, gëtt et e vu September 2016 un och an der Fläsch
  • Simon Prestige 5,0 % vol. e "Schampesbéier", dee vun 2006 bis 2010 gebraut gouf
  • Wëllen- a Wäissen Ourdaller, béid ginn um Cornelyshaff zu Hengescht gebraut. 't fënnt ee se an de Supermarchéen an a Caféë vum Faass gezaapt
  • Okult, eng Blanche, also e Weesbéier, mat Koriander an Orangeschuele gewierzt, dee Simon vun der Réidener Brauerei iwwerholl huet.

Literatur änneren

  • Björn Gutheil am Luxemburger Wort vum 11. August 2014, S. 39: Brasserie Simon - Keine Gefangene der Tradition

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Memorial C — N° 1981 vum 23. September 2010, Säit 95080]
  2. Brasserie Simon op editus.lu (gekuckt den 13. Januar 2017)
  3. IPA: India Pale Ale