Brasserie artisanale de Redange

Brauerei zu Lëtzebuerg
Dëse Brauereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Brasserie artisanale de Redange war eng lëtzebuergesch kleng Brauerei mat Sëtz an der Gemeng Réiden op der Atert, déi vum Jean Bollendorff gegrënnt gouf a vun 1999 bis 2006 existéiert huet.[1]

Se huet biologesche Béier gebraut a war duerch d'Béiermark Okult bekannt. D'Brasserie huet Faillite gemaach.[1] No der Faillite gouf den Numm an d'Rezepter vun der Brasserie Simon vu Wolz am Joer 2007 iwwerholl. Zanterhier gëtt den Okult-Béier um Cornelyshaff produzéiert.

Gebraut goufen eng 5 verschidde Béierzorten.

  • Okult n°1 Blanche (5,4%)
  • Okult n°2 Rousse (5,4%)
  • Okult n°3 Blonde (5,4%)
  • Okult Stout (6,2%)

Donieft gouf och nach e Meebock (7,2%) gebraut.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 https://www.biernet.nl/bier/brouwerijen/luxemburg/diekirch/redange-sur-attert/artisanale-de-redange
  2. Okult - Brasserie Artisanale de Redange. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-25.