Michel Mousel (Brauereisproprietaire)

lëtzebuergesche Brauereisproprietär

De Michel Mousel, gebuer den 2. Mäerz 1794 zu Sandweiler, a gestuerwen de 7. Oktober 1845 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Brauereisproprietär.

Michel Mousel
Gebuer 2. Mäerz 1794
Sandweiler
Gestuerwen 7. Oktober 1845
Lëtzebuerg
Aktivitéit Brauer
Famill
Bestuet mat Josephine Mousel

Hien hat 1825[2],[3] eng Brauerei a Clause kaaft, an domat de Grondsteen fir d'Mouselsbrauerei geluecht.

De Michel Mousel huet sech … mat der Josephine Mousel bestuet; d'Koppel hat zwéi Kanner: de Jacob Mousel (1818-1856) an d'Anna Mousel (1829-1862).

Referenzen an Notten änneren

  1. FamilySearch Catalog: Registres de l'état civil de Luxembourg (Luxembourg), 1796-1923 — FamilySearch.org. www.familysearch.org. Gekuckt de(n) 2021-05-16.
  2. Robert Bassing, Clausen Cité de la Bière. ons stad, 22/1986, S. 6-7 (1986). Gekuckt de(n) 16.05.2021.
  3. Mousel. industrie.lu "17.12.1825 Kauf der Münsterbrauerei durch Michel Mousel". Gekuckt de(n) 16.05.2021.