Brasserie de Luxembourg

lëtzebuergesch Entreprise, déi d'Brauerei zu Dikrech bedreift

D'Brasserie de Luxembourg (offiziell: Brasserie de Luxembourg Mousel-Diekirch SA[2]) ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi d'Brauerei zu Dikrech bedreift. Si braut d'Béiermarken "Diekirch" a "Mousel".

Brasserie de Luxembourg Mousel-Diekirch SA
D'Brasserie de Luxembourg Mousel-Diekirch (2022)
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 26. Juni 1871
Sëtz 2, rue de la Brasserie
L-9214 Diekirch
Lëtzebuerg
Mataarbechter 69 (2015)[1]
Produit Béier
Homepage www.brasseriedeluxembourg.lu

Geschicht änneren

 
Déi al Brauerei zu Dikrech

De 26. Juni 1871 gouf d'Brasserie par actions de Diekirch mat engem Kapital vun enger Millioun Frang gegrënnt[3]. D'Dikrecher Brauerei hat iwwer déi nächst 100 Joer ënnerschiddlech Nimm, Rechtsformen a Proprietären[3].

1930 ass d'Brauereisgebai bei der Gare ageweit ginn. 1970 huet déi Dikrecher Brauerei 190.000 Hektoliter Béier an 1.250 Hektoliter Äppeljus vun der Mark "Jupur" produzéiert.

D'Brasserie Mousel an d'Brasserie de Diekirch hunn 2000 zur Brasserie de Luxembourg Mousel - Diekirch S.A. mat deemools 148 Employéeë - fusionéiert. Am selwechte Joer ass se vun der belscher Interbrew opkaaft ginn. D'Joer drop gouf d'Produktioun vun der Mark "Mousel" op Dikrech verluecht.

2004 huet Interbrew mat der brasilianescher Companhia de Bebidas das Américas (AmBev) zu InBev fusionéiert. InBev huet du véier Joer méi spéit Anheuser-Busch opkaaft an huet sech dun Anheuser-Busch InBev genannt. Si ass déi gréisst Brauereisgrupp op der Welt.

D'Entreprise huet 2010 ugekënnegt d'Produktioun vun de Marken "Diekirch" a "Mousel" wëllen an d'Belsch op Jupille a Léiwen ze verleeën an de Site zu Dikrech zouzemaachen[4],[5]. D'Brasserie nationale hat Interessi geäussert, d'Brauerei zu Dikrech z'iwwerhuelen[6]. No ville populären a politesche Protester huet In-Bev dunn awer d'Kéier gemaach a sech entscheet, weiderhi Béier zu Dikrech ze brauen[7],[8],[9],[10],[11].

De Maartundeel vun der Brasserie de Luxembourg zu Lëtzebuerg louch 2012 bei 53 %[12].

D'Brauereisgebaier zu Dikrech änneren

Am Mee 2002 gouf de Projet „Dräieck Dikrech“ mat engem Budget vu 25 Milliounen Euro virgestallt[13]. Et goung drëm, den alen Industrieterrain ze sanéieren a verschidde Gebailechkeeten ofzerappe fir an d'Plaz Wunnengen, Butteker a Büroen an eng nei Brauanlag ze bauen[14][15]. 2012 gouf de PAP op den Instanzewee geschéckt, ma zéng Joer duerno huet sech nach näischt um Terrain gedoen[16].

D'Gebaier vun der Dikrecher Brauerei goufen de 17. Oktober 2011 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter gesat[17]. Wann an der Lëscht vu „Gebaier“ rieds geet, soll awer net all eenzel Gebailechkeet klasséiert ginn, ma haaptsächlech d'Grott um Eck mat der Nationalstrooss (Avenue de la Gare), déi al Zockerfabréck an den Tuerm mam Humpen drop[18].

De Béier gëtt zanter 2019 an der neier Anlag zu Dikrech gebraut, e gëtt awer duerno an d'Belsch geféiert wou en agefëllt gëtt[13]. Déi nei Brauerei huet eng Kapazitéit vun 250.000 Hektoliter[19].

An der Nuecht op den 18. Abrëll 2021 gouf et e Groussbrand bei deem déi fréier Zockerfabrick uerg zerstéiert gouf[19][20].

Am Januar 2022 gouf du bekannt, datt den Tuerm mam Humpen drop resp. de Buedem op deem e steet an engem schlechten Zoustand wär an datt den Tuerm misst ofgerappt ginn[16].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Brasserie de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. lalibre.be: AB InBev investit 25 millions d'euros dans sa filiale luxembourgeoise (23. Oktober 2015)
  2. Handelsregësternummer: B96275
  3. 3,0 3,1 Brasserie Diekirch op industrie.lu (gekuckt de 6. Januar 2016)
  4. republicain-lorrain.fr: Le Luxembourg perd une bière emblématique (9. Januar 2010)
  5. brf.be: Der Brauereikonzern AB-InBev wertet die Produktionsstätten in Löwen und Jupille auf. (7. Januar 2010)
  6. tageblatt.lu: Brasserie nationale könnte Diekircher Brauerei übernehmen (14. Januar 2010)
  7. goutsdelux.wordpress.com: Diekirch ne fermera finalement pas, du moins pas tout de suite (10. Juli 2010)
  8. land.lu: Marchands de patrimoine (14. Januar 2010)
  9. fuerwahrheitundrecht.blogspot.lu: Biermonopole zerschlagen! (12. Januar 2010)
  10. paperjam.lu: Diekirch, la fin d'une marque? (29. Januar 2010)
  11. brf.be: Brauerei Diekirch offenbar gerettet (17. Maërz 2010)
  12. paperjam.lu: Brasserie de Luxembourg: 53% de parts de marché (27. Mäerz 2013)
  13. 13,0 13,1 FOTO-Serie (13): Al Brauerei zu Dikrech. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-02-03.
  14. Nordstad, Brasserie Diekirch - Stadtentwicklung Projekte - Nordstad Luxemburg. Nordstad. Gekuckt de(n) 2022-02-03.
  15. Dikrech: Keng Autorisatiounen ouni nei Brauerei. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-02-03.
  16. 16,0 16,1 Marc Hoscheid, Zapfenstreich für den Humpen, Luxemburger Wort vum 10. Januar 2022, S. 19
  17. Quell: Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  18. Dikrecher Brauerei: Denkmalschutz vun 3 Gebaier. www.rtl.lu (11.11.2010). Gekuckt de(n) 03.02.2022.
  19. 19,0 19,1 Feier an der Dikrecher Brauerei. www.rtl.lu (29.04.2020). Gekuckt de(n) 03.02.2022.
  20. Groussbrand an der aler Brauerei: Feier zu Dikrech war e Sonndegmëtteg nach emol ugaangen. 19.04.2021. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 03.02.2022.