Chambre de commerce
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Chambre de Commerce, och Handelskummer genannt, ass eng Lëtzebuerger Beruffschamber, déi d'Interête vum Handel, der Industrie, de Banken an all anere Betriber mat Ausnam vun deenen aus dem Handwierk an der Landwirtschaft vertrëtt. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Chambre de commerce (Handelskummer) | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 01.10.1841 |
Sëtz |
7, Rue Alcide De Gasperi Lëtzebuerg |
President | Luc Frieden |
Generaldirekter |
Fernand Ernster (President CA) Carlo Thelen (Generaldirekter) |
() | |
() | |
Branche | Beruffschamber |
Homepage | www.cc.lu |
D'Chambre de commerce ass hirersäits Member am Daachverband Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).
Geschicht
ännerenDen 1. Oktober 1841, nëmmen zwee Joer no der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, huet de Kinnek a Grand-Duc Wëllem II. duerch en Arrêté d'Handelskummer geschaaft[1]. Se hat deemools 21 Memberen déi ë. a. follgend Beruffssparte vertrueden hunn: Schmëtten, Händschen-, Porzeläin- a Pabeierfabricken, Wiewereien, Millen, Tubaksindustrie, asw.
D'Schafe vun der Handelskummer gouf de 4. Abrëll 1924 nach duerch e Gesetz confirméiert[2], mat deem zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut gouf. Nieft der Handelskummer goufen ë. a. och nach Handwierkerkummer an d'Landwirtschaftskummer an d'Liewe geruff.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Organisatioun
änneren- Presidente vun der Handelskummer[3]
- 1841-1842 – Ferdinand Pescatore
- 1842-1852 – Antoine Schaefer
- 1852-1856 – Jacques Lamort
- 1857-1860 – François Krewinckel
- 1860-1863 – Ferdinand Schaefer
- 1863-1865 – Gabriel de Marie
- 1865-1872 – Jean Mersch-Wittenauer
- 1872-1875 – Dominique Victor Buck
- 1875-1879 – Jean Mersch-Wittenauer
- 1880-1883 – Dominique Victor Buck
- 1884-1895 – Édouard Metz
- 1895-1904 – Émile Metz
- 1904-1925 – Léon Metz
- 1925-1952 – Aloyse Meyer
- 1953-1959 – Félix Chomé
- 1959-1974 – Tony Neuman
- 1974-1992 – Emmanuel Tesch
- 1992-2004 – Joseph Kinsch
- 2004-2019 – Michel Wurth
- 2019-2023 – Luc Frieden
- zanter 2023 – Fernand Ernster
De Generaldirekter ass zanter Januar 2014 den Ekonomist Carlo Thelen[4].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Arrêté royal du 1er octobre 1841, N° 12, portant instruction d'une Chambre de commerce dans le Grand-Duché. legilux.public.lu (01.10.1841). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
- ↑ Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
- ↑ Chambre de Commerce 175, Chambre de Commerce Luxembourg, 2016.
- ↑ Biographie. www.carlothelenblog.lu. Gekuckt de(n) 12.09.2020.