Émile Mousel
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Michel Émile Mousel[1], gebuer den 20. Dezember 1843 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 15. Oktober 1910 a Clausen[2], war e lëtzebuergesche Politiker a Béierbrauer. Hie war de Jong vum Béierbrauer Jacques Mousel.
Émile Mousel | |
---|---|
Gebuer |
20. Dezember 1843 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
15. Oktober 1910 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Émile Mousel gouf de 15. Juni 1870 zu Wolz mat der Suzanne Gruber bestuet.
Hie war vun 1875 bis 1904 onënnerbrach Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg[2] a vum 24. Februar 1894 bis de 24. Juli 1904 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Hie war vun 1896 bis 1905 Deputéierten an der Chamber[2].
D'Plaz bei der Entrée vun de Rives de Clausen, der fréierer Mouselsbrauerei a Clausen gouf 1925 no him genannt: Place Émile Mousel[3].
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier vun der Légion d'honneur
- Chevalier vum Ordre de Léopold (Promotioun 1898)[4]
Virgänger: Dominique "Alexis" Brasseur |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1894 - 1904 |
Nofollger: Alphonse Munchen |
Referenzen
änneren- ↑ als „Michel Emil Mousel“ um Geburtsschäin 441 vun der Gemeng Lëtzebuerg agedroen, gekuckt op familysearch.org de 16.05.2021
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Doudesannonce a Biographie vum Emile Mousel am Luxemburger Wort vum 17. Oktober 1910
- ↑ Place Émile Mousel an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
- ↑ (fr)A travers le Grand-Duché - Distinction honorifique. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu (2. September 1898). Gekuckt de(n) 2023-10-17.