D'Diddelenger Brauerei (offiziell: Brasserie de Dudelange)[1] gouf 1937 zu Diddeleng vum Jean-Pierre Steyer gegrënnt. Wärend der Besatzungszäit am zweete Weltkrich huet d'Brauerei de Betrib mussen astellen, deen awer nom Enn vum Krich nees opgeholl ginn ass.

D'Gebai am August 2012

Nodeem se 1964 vun der Brauerei Funck-Bricher opkaaft gouf ass de Braubetrib definitiv agestallt ginn.

D'Brauerei funktionéiert net méi, d'Gebaier an der Rue de la Brasserie beim Park Léi sinn awer stoe bliwwen an an Appartementswunnengen ëmfunktionéiert ginn.

Literatur änneren

  • Gambrinus Bruderschaft: Onse Be'er ass gudd!, 1993, Éditions Schortgen, 160 S., ISBN 2-87953-010-5

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Brasserie de Dudelange op industrie.lu (gekuckt de 4. Januar 2017)