Groussbus
Groussbus (lokal: Bus[2]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réiden an den Haaptuert vun der Gemeng Groussbus-Wal.
Groussbus Bus | |
---|---|
Rëtsch vu klasséierten Haiser (IS) an der Mierscher Strooss | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Grosbous de: Grosbous |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Paul Engel |
Awunner | 926[1] |
1. Januar 2018 | |
Héicht | 344 m |
Koordinaten |
49° 49’ 39’’ N 05° 57’ 56’’ O |
Geographie änneren
Groussbus läit op enger Héicht vu 470 m.
Duerch d'Uertschaft leeft d'Waark, déi zu Gréiwels entspréngt.
Duerch Groussbus lafen d'Nationalstrooss 12 an d'N21.
Geschicht änneren
Bous oder Buhs ass dat keltescht Wuert fir Mëllechkummer.
1989 huet een zu Groussbus um Flouer Heidebierg e Won aus der Zäit vun 1000 v. Chr. fonnt. E beleet datt d'Kelten op dëser Plaz eng Siidlung haten an als Véiziichter gelieft hunn[3].
Am nämmlechte Streech fënnt een Zillen an Eeserech aus der Zäit vun de Réimer.
Am 11. Joerhonnert steet zu Groussbus eng Kierch. Vun 1089 un ass d'Duerf eng eege Par.
Iwwer d'Joerhonnerten huet d'Populatioun vum Duerf deels staark ënner Kricher a Krankheete gelidden.
Joër | Zuel vun de Famillen |
---|---|
1473 | 23 |
1525 | 2 |
1635 | 24 |
1656 | 20 |
Tëscht 1640 a 1650 léisst de Peter Jolliot e Schlass bauen, dat 1966/67 ofgerappt gëtt.
Nodeems 1712 de Blëtz an déi al Kierch aschléit, gëtt 1719 déi haiteg Kierch gebaut. 1849 gëtt de Kierchtuerm nees vum Blëtz getraff an dat Joer drop, 1850, gëtt den neien Tuerm opgeriicht.
Virum 1. September 2023 huet Groussbus zu der Gemeng Groussbus gehéiert, där hire Chef-Lieu et war. Dës huet du mat der Gemeng Wal zu der Gemeng Groussbus-Wal fusionéiert.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Groussbus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ Chiffres démographiques de Grosbous Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2015-05-23.
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ 150 Joër Réidener Kanton, S.152