Esch-Sauer
Esch-Sauer (vereelzt och Esch am Lach[1]), ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer am Kanton Wolz, mat 389 Awunner (Stand: Mäerz 2020)[2].
Esch-Sauer | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Esch-sur-Sûre de:Esch-Sauer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Marco Schank |
Awunner | 405 |
1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023 | |
Fläch | 676,2269 ha |
Koordinaten |
49° 54’ 41’’ N 5° 56’ 5’’ O |

Si huet sech am Laf vun de Joerhonnerte ronderëm e Fiels am Dall vun der Sauer entwéckelt, op deem nach haut d'Ruine vun der Buerg stinn. Vun uewe gesinn huet Esch-Sauer eng Schléngeform. D'Duerf läit tëscht den Uertschafte Kauneref, Lëlz an Eschduerf.
Am Dezember 2021 huet de Magasinn GEO plus Esch-Sauer zu engem vun den 20 schéinsten Dierfer aus Europa gewielt.[3]
GeschichtÄnneren
Fir d'éischt Kéier gëtt Esch-Sauer am Liber Aureus Epternacensis ernimmt. Do steet geschriwwen, datt e gewëssen Nebulungus seng Gidder a seng Sklaven der Iechternacher Abtei vermaach huet. Dat war am drëtte Joer vun der Herrschaft vum Karel dem Groussen, also tëscht dem 9. Oktober 773 an dem 9. Oktober 774.
Grënnung vun der Buerg Esch-SauerÄnneren
Am Mount Juni vum Joer 927, huet e gewësse Maingaud, seng Fra Hiltrud an hire Jong Godfrid vun der Abtei Stavelot Land, Wisen an 146 Awunner an der Uertschaft Esch krut. Op dem Bierg deen dozou gehéiert huet ass d'Buerg Esch Sauer opgeriicht ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buerg Esch-Sauer.
KuckeswäertesÄnneren
- D'Buerg Esch-Sauer
- D'Kierch Esch-Sauer mat der Uergel, déi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter steet.
- D'Kräizkapell Esch-Sauer an de Kierfecht mam Wee dohi sinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.
- Muttergottesstatu vun Esch-Sauer
- Stauséi tëscht Lëlz an Esch-Sauer
- D'Peschtkräizer
- Staudamm Esch-Sauer
- De Musée vun der Duchfabrikatioun an der Maison du parc naturel de la Haute-Sûre
BillerÄnneren
Modern UertschaftÄnneren
Historesch BillerÄnneren
Zeechnung vum Nicolas Liez, 1834
Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ LLU - Lexikon der Luxemburger Umgangssprache. engelmann.uni.lu. Gekuckt de(n) 25.07.2020.
- ↑ Composition de la population par localité. S.I.G.I. - Gescom (04.03.2020). Gekuckt de(n) 25.07.2020.
- ↑ Klein, aber Oho, Von Italien bis Georgien – Europas schönste Dörfer, gekuckt den 11. August 2022.