Your Name Is Justine (op Polnesch: Masz na imie Justine) ass e Filmdrama aus dem Joer 2005. Et ass eng polnesch-lëtzebuergesch Koproduktioun.

Your Name Is Justine
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg,
Polen
Première 30. August 2005 (Montréal Film Festival)
15. September 2006 (Lëtzebuerg)
Dauer 97 min
Faarf Faarweg
Format 1:1,85
Filmformat 35mm
Originalsprooch Polnesch, Däitsch, Englesch
Ekipp
Regie Franco de Pena
Dréibuch Chris Burdza, Tomasz Kepski, Franco de Pena
Fotografie Arkadiusz Tomiak
Musek Nikos Kypourgos
Schnëtt Jaroslaw Kaminski
Dekoren Christina Schaffer
Produzent Stéphan Carpiaux, Piotr Dzieciol, Wioletta Gradkowska
Produktiouns-
gesellschaft
Hemispheres Films
Opus Film
Schauspiller
Anna Cieslak als Mariola
Arno Frisch als Niko
Rafal Mackowiak als Artur
Mathieu Carrière als Gunter
Dominique Pinon als Monni Goran
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Mariola ass eng jonk Fra aus der polnescher Provënz. Hatt huet keng richteg Perspektiv fir d'Zukunft a wëll en neit an anert Liewen. Nodeems hatt nees mat sengem Exfrënd Arthur zesumme kënnt, versprécht hien dem Mariola eng Rees op d'Côte. Si verléiwen sech. Wéi si op Berlin fueren, wou d'Mariola denkt, datt et dem Arthur säi Papp géif kenne léieren, ass hatt begeeschtert fir e puer Wieder däitsch ze léieren. Zu Berlin komme si an enger Wunneng un, an där d'Mariola sech net wuel fillt. Hatt spiert, datt eppes net an der Rei ass. Den Arthur erzielt him, "et wier just fir déi Nuecht". Dräi vum Arthur senge Frënn kommen an d'Wunneng a ginn him Suen. Domat huet hien d'Mariola an d'Prostitutioun verkaaft. Dem Mariola säin neit Liewen huet just ugefaangen...

Filmpräisser änneren

De Film gouf op e puer Filmfestivalle präisgekréint, dorënner 2005 um Polnesche Filmfestival an um um Weltfilmfestival vu Montréal, an 2006 um Bogota Film Festival, um Mons International Festival of Love Films an um Seville European Film Festival.

Beim 3. Lëtzebuerger Filmpräis (2007) krut de Film den Haaptpräis als beschte Lëtzebuerger Spillfilm.

Disqualifikatioun als Lëtzebuerger Oscar-Bäitrag änneren

2006 huet Lëtzebuerg Your Name is Justine fir eng Oscar-Nominatioun virgeschloen, an der Kategorie "Beschten Internationale Film". Vun der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert an nokuckt, op all Areechung och de Krittären entsprécht, gouf dee Bäitrag awer disqualifizéiert.

D'Akademie hat zwar kuerz virdrun de Krittär, datt de Film an der Landessprooch misst sinn, ofgeschaaft[1], mä de Film gouf verworf well e Land fir seng Propositioun misst beweise kënnen, datt "kreatiivt Talent vum Land d'kënschtleresch Kontrol iwwert de Film" hat, an dat wier net de Fall gewiescht. Den Joy Hoffmann, deemolege President vum Selectiounscomité, huet seng Enttäuschung iwwer déi Entscheedung ausgedréckt a commentéiert, datt de Comité sech bewosst war, datt Your Name Is Justine e grenzwäertege Bäitrag wier, mä datt et de Film ouni Lëtzebuerg net géif gi. Lëtzebuerg hätt 75% vum Budget geliwwert.[2] De polnesch-, däitsch an engleschsproochege Film vum Regisseur Franco de Pena, deen am Venezuela gebuer ass an a Polen lieft, ass eng Koproduktioun tëscht der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Hemisphere Films an dem polneschen Opus Film. E spillt zu Berlin a gouf gréisstendeels zu Lëtzebuerg gedréint.[3]

Kritik änneren

Fränk Grotz, d'Lëtzebuerger Land:[4]

Your Name is Justine de Franco de Pena, dénonce un phénomène qui frappe particulièrement dure la Pologne. 15 000 filles y sont piégées chaque année et vendues à des réseaux de prostitution. En se focalisant avant tout sur les premières journées de l'emprisonnement de Mariola, le réalisateur montre la violence physique et psychologique, appliquée pour rendre dociles ces filles. Tout en préservant une distance appropriée à la gravité du sujet, cette co-production entre la Pologne et le Luxembourg joue sur les espaces vides et les couleurs sombres pour illustrer cet univers glauque et impitoyable.

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. rediff.com: Water is Canada's Oscar entry (22. September 2006)
  2. upi.com: Luxembourg 'disappointed' by Oscar snub (8. November 2006)
  3. variety.com: Lux out of ‘Name’ game (8. November 2006)
  4. land.lu: Séquelles irréversibles vum Fränk Grotz (22. September 2006)