14. Juni
Datum
<< | Juni | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | |||||
3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 |
10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 |
17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 |
24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 |
2024 |
De 14. Juni ass den 165. Dag vum Joer (166. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1800: Koalitiounskricher: Schluecht vu Marengo.
- 1866: Ufank vum Krich tëscht Preisen an Éisträich.
- 1888: De Wilhelm II. gëtt Keeser vun Däitschland.
- 1912: D'Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg gëtt als Groussherzogin vereedegt.
- 1940: Zweete Weltkrich: Däitsch Truppe besetze Paräis.
- 1969: De Georges Pompidou gewënnt d'franséisch Presidentschaftswalen.
- 1982: Enn vum Falkland-Krich tëscht Argentinien a Groussbritannien.
- 1985: D'Schengener Ofkommes gëtt zu Schengen vu 5 Länner ënnerschriwwen.
- 1993: D'Tansu Çiller gëtt tierkesch Regierungscheffin.
- 1999: Den Thabo Mbeki gëtt vum südafrikanesche Parlament zum neie President gewielt.
Sport
änneren- 2015: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lviv Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[1]
Gebuer
änneren-
Alois Alzheimer
-
Marie-Adelaïde
-
Yasunari Kawabata
-
Ernesto 'Che' Guevara
-
Donald Trump
-
Steffi Graf
- 1627: Johann Abraham Ihle, däitschen Amateurastronom.
- 1671: Tomaso Giovanni Albinoni, italieenesche Komponist a Violonist.
- 1799: Mathias Hertert, Lëtzebuerger Politiker.
- 1833: Dominique-Alexis Brasseur, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1842: Irene Abendroth, ukrainesch Sopranistin.
- 1848: Paul Tornow, däitschen Architekt.
- 1864: Alois Alzheimer, däitsche Psychiater.
- 1868: Karl Landsteiner, éisträichesche Medezinner; Nobelpräisdréier.
- 1871: Théodore Pescatore, lëtzebuergeschen Entreprener, Autoconstructeur.
- 1894: Marie-Adélaïde, Groussherzogin vu Lëtzebuerg 1912-1919.
- 1896: Alphonse Willems, lëtzebuergesche Physiker.
- 1897: Karl Schnog, däitsche Schrëftsteller a Publizist.
- 1898: Roger Soubie, franséische Moler an Zeechner.
- 1899: Yasunari Kawabata, japanesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 1902: Carl Esmond, éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 1904: Jenny Jugo, éisträichesch Schauspillerin.
- 1907: Paul Klinger, däitsche Schauspiller.
- 1909: Henri Reiners, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1917: Pierre-Louis, franséische Schauspiller
- 1920: Albert Borschette, lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.
- 1922: Jupp Wagner, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 1928: Che Guevara, argentineschen Dokter a kubanesche Revolutionär.
- 1929: Tonino Cervi, italieenesche Filmregisseur.
- 1931: Fernand Meyssonnier, leschte franséische Schaarfriichter.
- 1943: Piet Keizer, hollännesche Foussballist.
- 1946: Donald Trump, US-amerikaneschen Entreprener a President.
- 1958: Olaf Scholz, däitsche Politiker.
- 1964: E. Elias Merhige, US-amerikanesche Regisseur.
- 1968: Uchnaagiin Chürelsüch, mongolesche Politiker.
- 1969: Steffi Graf, däitsch Tennisspillerin.
- 1969: Luc Holtz, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 1972: Matthias Ettrich, däitschen Informatiker.
Gestuerwen
änneren- 1879: Karl Rosenkranz, däitsche Philosoph.
- 1894: Max von dem Borne, éisträicheschen Naturwëssenschaftler.
- 1906: Georges Rayet, franséischen Astronom.
- 1920: Max Weber, däitschen Ekonomist a Soziolog.
- 1924: Émile Claus, belsche Moler.
- 1938: William Wallace Campbell, US-amerikaneschen Astronom.
- 1970: Guido Malatesta, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1979: David Butler, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1986: Jorge Luis Borges, argentinesche Schrëftsteller.
- 1990: Erna Berger, däitsch Sopranistin.
- 1992: Thomas Nipperdey, däitschen Historiker.
- 1994: Henry Mancini, US-amerikanesche Komponist vu Filmmuseken.
- 1994: Michel Vitold, franséische Schauspiller.
- 2005: Carlo Maria Giulini, italieeneschen Dirigent.
- 2006: Jean Roba, belsche Comic-Zeechner (Boule et Bill)
- 2007: Kurt Waldheim, éisträichesche Politiker.
- 2007: Alain Marchetti, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
- 2014: Robert Lebeck, däitsche Fotojournalist.
- 2016: Lidia Biondi, italieenesch Schauspillerin.
- 2023: Marc Haentges, lëtzebuergesche Basketballspiller a Geschäftsmann.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 14. Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien |