Kazimierz Marcinkiewicz

De Kazimierz Marcinkiewicz, gebuer den 20. Dezember 1959 zu Gorzów Wielkopolski, ass en national-konservative polnesche Politiker (PiS) a war vum 31. Oktober 2005 bis de 7. Juli 2006 Ministerpresident vu sengem Land.

Kazimierz Marcinkiewicz
Gebuer 20. Dezember 1959
Gorzów Wielkopolski
Nationalitéit Polen
Educatioun Universitéit Breslau
Aktivitéit Politiker, Enseignant, Physiker
Partei Recht a Gerechtegkeet

Säi Liewen änneren

De Marcinkiewicz huet un der Universitéit Wrocław Physik studéiert an 1984 säin Ofschloss gemaach. Duerno huet en aacht Joer laang als Schoulmeeschter a Vizedirekter a senger Heemechtsstad Gorzów geschafft.

De Marcinkiewicz ass bestuet an huet véier Kanner.

Seng politesch Karriär änneren

Schonn 1981 ass de Marcinkiewic Member vun der Solidarność-Beweegung ginn a war dunn an den 1980er Joren niewelaanscht Redakter fir d'Ënnergrondpress vu senger Stad.

1992 gouf e fir ee Joer als Staatssekretär an de Ministère fir National Erzéiung geruff. Von 1999 bis 2000 war e Kabinettschef vum Ministerpresident Jerzy Buzek.

No de Walen 2005 huet en de Marek Belka als Ministerpresident ofgeléist. Fir säin iwwerraschende Karriärsspronk huet e sengem Parteipresident Jarosław Kaczyński Merci ze soen, deen op déi Funktioun fräiwëlleg verzicht huet, fir d'Chancë vu sengem Zwillingsbrudder Lech bei de Presidentschaftswalen net a Gefor ze bréngen. Am Juli 2006 huet deen dunn awer säi Brudder zum Premier ernannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Kazimierz Marcinkiewicz – Biller, Videoen oder Audiodateien