Den James Joseph Brown, jr., gebuer den 3. Mee 1933 am Barnwell County, South Carolina, a gestuerwen de 25. Dezember 2006 zu Atlanta, Georgia, war en US-amerikanesche Museker. Hien huet Uergel, Piano, Gittar a Batterie gespillt, ass awer bal nëmmen als Sänger an Dänzer opgetrueden. Ausserdeem war e Bandleader a Museksproduzent. Wéinst senger wichteger Plaz an der Rhythm and Blues- a Soul-Musek vun den 1950er an 1960er Joren, ma besonnesch och wéinst sengem determinanten Afloss beim Entstoe vun engem neie Soul-Stil, dem Funk, gëtt den James Brown zu de bedeitendste Pop-Museker vum 20. Joerhonnert gezielt.

James Brown
Gebuertsnumm James Joseph Brown
Gebuer 3. Mee 1933
Gestuerwen 25. Dezember 2006
Atlanta
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Komponist, Dänzer, Museksproduzent, Politiker, Pianist, Gittarist, Produzent

Zu senge bekanntste Lidder zielen (Get Up I Feel Like Being A) Sex Machine, It's A Man's Man's World, Living in America an (I Got You) I feel Good. Legendär sinn och seng Liveshowen, wou e wéi elektriséiert ronderëmgedanzt huet, ëmmer nees de Feedback vum Publikum gesicht huet, an an engem bestëmmte Moment gemaach huet wéi wann e komplett fäerdeg wier, sech ofgestäipt vun der Bün erausbegleede gelooss huet, fir da kuerz drop, wéi nei gebuer, ëm sou méi a Form weidergegfuer ass.

De Brown huet de Stil an d'Optriede vu Museker wéi Michael Jackson oder Prince staark beaflosst a seng Stécker goufen zegmol am Hip-Hop gesamplet.

Hien huet an e puer Filmer matgespillt, z. B. a Rocky IV mam Stéck Living in America oder als Paschtouer a Blues Brothers a Blues Brothers 2000.

Als ee vun den éischten afro-amerikanesche Museker, déi sech aktiv fir d'Rechter vun de Faarwegen an den USA agesat hunn, ass den James Brown bis haut eng Symbolfigur vun der Black consciousness.

Um Spaweck

änneren
Commons: James Brown – Biller, Videoen oder Audiodateien