Nicolas Leyder

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Nicolas Leyder, gebuer de 17. Dezember 1922 op der Giewelsmillen a gestuerwen den 3. November 2006[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Nicolas Leyder
Gebuer 17. Dezember 1922
Giewelsmillen
Gestuerwen 3. November 2006
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Buergermeeschter, Politiker

Am Krich war hien Zwangsrekrutéierten. Dono war hien Hotelier am Familljebetrib op der Giewelsmillen. Vum 1. Januar 1957 bis 1993 war hie Member vum Buerschenter Gemengerot a vun 1964 un do Buergermeeschter.[1]

Hie war iwwer 40 Joer Member a laang Jore President vum lokale Syndicat d'initiative et de toursime, huet sech fir d'Erhale vum Buerschter Schlass agesat a war och President vun den Amis du chäteau. Op seng Initiativ gouf d'Buergruin 1972 dem Lëtzebuerger Staat verkaaft, deen se dono restauréiert huet.[1]

Fir un hien z'erënneren, huet de Buerschter Gemengerot den 11. Juni 2021 decidéiert, eng Strooss zu Buerschent, d'Nicolas-Leyder-Strooss, no him ze nennen.[2],[3]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 "Nicolas Leyder †." De Buurschter Nr.1, 2007, S.3 (nogekuckt: 21.10.2024).
  2. L-9140.
  3. "Séance du conseil communal du 11 juin 2021" op bourscheid.lu (nogekuckt: 21.10.2024).