20. Mee
Datum
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | ||
6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 |
13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 |
20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 |
27 | 28 | 29 | 30 | 31 | ||
2024 |
Den 20. Mee ass den 140. Dag vum Joer (141. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1882: Däitschland, Éisträich-Ungarn an Italie schléissen den Dräibond (Triple Alliance).
- 1902: Kuba gëtt vun den USA onofhängeg.
- 1906: De Simplon-Tunnel tëscht Italien an der Schwäiz gëtt ageweit.
- 1927: Saudi-Arabien gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1989: De chineesesche Premierminister Li Peng deklaréiert d'Krichsrecht op der Plaz vum Himmlesche Fridden.
- 1990: Éischt fräi Presidentschafts- a Parlamentswalen a Rumänien zanter 50 Joer.
- 2002: Osttimor gëtt als "República Democrática de Timor-Leste" vun Indonesien onofhängeg.
Lëtzebuerg
änneren- 1970: Lëtzebuerg ënnerschreift mat Portugal en Accord iwwer d'Eraloosse vun Aarbechter.
- 1983: D'Gesetz iwwer d'Schafe vum Institut monétaire luxembourgeois trëtt a Kraaft.
Sport
änneren- 1971: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:4 géint Belsch.[1]
- 1987: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Sofia, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 0:3 géint Bulgarien.[2]
- 1993: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 1:1 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet en islännesche Spiller geschoss. (Selbstgol)[3]
Gebuer
änneren-
Honoré de Balzac
-
John Stuart Mill
-
Frédéric Passy
-
James Stewart
-
Joe Cocker
-
Cher
- 1315: Bonne vu Lëtzebuerg, Duechter vum Jang dem Blannen.
- 1753: Toussaint Louverture, haitianesche Fräiheetskämpfer.
- 1799: Honoré de Balzac, franséische Schrëftsteller.
- 1806: John Stuart Mill, englesche Philosoph an Ekonomist.
- 1822: Émile Erckmann, franséische Schrëftsteller.
- 1822: Frédéric Passy, franséische Politiker an Humanist.
- 1823: Petronella Laeis, Fra vum Auguste Metz.
- 1825: Georg Phillips Bond, US-amerikaneschen Astronom.
- 1866: Jules Wilhelm, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1895: Reginald Joseph Mitchell, engleschen Ingenieur an industriellen Designer.
- 1896: Paul Kemp, däitsche Schauspiller.
- 1898: Arthur Ginter, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1904: Margery Allingham, brittesch Schrëftstellerin.
- 1908: James Stewart, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 1912: Joseph Lucius, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1916: Trebisonda Valla, italieenesch Liichtathleetin.
- 1921: Wolfgang Borchert, däitsche Schrëftsteller.
- 1922: Claude Pescatore, lëtzebuergesche Resistenzler, Manager a Politiker.
- 1944: Joe Cocker, brittesche Rhythm and Blues-Sänger.
- 1946: Cher, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 1947: Sky du Mont, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 1950: Jhala Nath Khanal, nepaleesesche Politiker.
- 1950: Ed Maroldt, lëtzebuergesche Professer, Auteur, Theaterschauspiller a Regisseur.
- 1950: Arlette Wilmes, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 1954: Norbert Meyer, däitsche Botaniker.
- 1957: Yoshihiko Noda, japanesche Politiker.
- 1958: Christian Spielmann, lëtzebuergesche Filmjournalist an Auteur.
- 1960: Fernand Morbach, lëtzebuergesche Journalist a Fotograf.
- 1985: Christopher Froome, brittesch-kenianesche Vëlossportler.
Gestuerwen
änneren- 1506: Christoph Kolumbus, Séifuerer.
- 1556: Pietro Aretino, italieenesche Schrëftsteller.
- 1799: Michel Pintz, dee bekanntste Lëtzebuerger aus dem Klëppelkrich.
- 1831: Henri Grégoire, franséische Geeschtlechen.
- 1832: Johannes Birnbaum, franséische Magistrat a Prefekt vum Département des Forêts.
- 1834: Marquis de La Fayette, franséische Generol.
- 1871: Charles Joseph du Pasquier, franséischen Offizéier a Politiker.
- 1896: Clara Schumann, däitsch Komponistin a Pianistin.
- 1905: Prosper Biwer, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1931: Damien Bourg, belschen Offizéier vu lëtzebuergescher Ofstamung
- 1942: Hector Guimard, franséischen Architekt.
- 1954: Robert Capa, US-amerikanesche Fotograf.
- 1956: André Charlot, franséischen Impresario, Filmregisseur a Schauspiller.
- 1972: Léon Buck, lëtzebuergesche Schwëmmer, Fechter, Olympionik an Drécker.
- 1978: Eugène Auguste Collart, lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär, Politiker, Diplomat a Publizist.
- 1987: Franz Ehringer, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 1989: Anton Diffring, däitsche Schauspiller.
- 1991: Fernand Salentiny, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1995: Charles Heirendt, lëtzebuergesche Laangstreckeleefer.
- 2000: Marc Reuland, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 2005: Paul Ricoeur, franséische Philosoph.
- 2009: Pierre Gamarra, franséischen Auteur.
- 2012: Robin Gibb, brittesche Museker.
- 2013: Ray Manzarek, US-amerikanesche Museker.
- 2015: Colette Wark-Hoffmann, lëtzebuergesch Sängerin.
- 2019: Niki Lauda, éisträichesche Formel-1-Weltmeeschter an Entreprener.
- 2020: Jay Schiltz, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Kabarettist.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 20. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 20. Mee 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 20. Mee 1987 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island den 20. Mee 1993 op der Websäit vun European Football