De Guy Rewenig, gebuer den 31. August 1947 zu Lëtzebuerg, war bis 1984 Schoulmeeschter an ass zanterhier fräie Schrëftsteller. 2005 krut en de Batty-Weber Präis fir säi Gesamtwierk.

Guy Rewenig
Rewenig w.jpg
Pseudonym Juanita Banana, Tania Naskandy, United Guys
Gebuer 31. August 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer
Famill
Papp Marcel Rewenig
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Säi LiewenÄnneren

De Guy Rewenig ass an der Stad, zu Gaasperech an zu Zéisseng, opgewuess, an huet am Kolléisch d'Première gemaach. Hien huet zu Walfer fir Schoulmeeschter geléiert an huet dëse Beruff fir d'éischt zu Beetebuerg, duerno, vun 1971 un, zu Esch-Uelzecht gemaach. 1984 ass en op Nouspelt geplënnert, wou en zanterhier als fräie Schrëftsteller lieft.

1974 war hien e Grënnungsmember vun der ASTI. 2000 huet en zesumme mam Roger Manderscheid de Verlag Éditions Ultimomondo gegrënnt.

Säi WierkÄnneren

Vun 1963 un huet de Guy Rewenig éischt Filmkritiken am Luxemburger Wort publizéiert. 1970 ass säin éischt Theaterstéck Interview, erauskomm, am selwechte Joer e Band mat Erzielungen, Als der Feigenbaum verdorrte. Zanter 1973 schreift hien och Kannerliteratur; säi Buch Muschkilusch, dat 1980 erauskoum, ass aachtmol nei opgeluecht ginn.

1985 huet de Rewenig säin éischte Roman op Lëtzebuergesch, Hannert dem Atlantik, publizéiert. Hie schreift bis haut op Däitsch, Lëtzebuergesch a Franséisch. Hien huet als fräie Mataarbechter Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëfte verëffentlecht, ë. a. am Tageblatt, Lëtzebuerger Land, Alternativ, Perspektiv, Gréngespoun a Forum. Dacks waren dat zäitkritesch, satiresch Texter, an deenen de Rewenig sozial a politesch Mëssstänn thematiséiert huet an d'Liewen an d'Mentalitéiten zu Lëtzebuerg kommentéiert huet.

  00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

RomanerÄnneren

GedichterÄnneren

  • Kampfmaschine, 1973, Eegeverlag
  • Zabbazzillo, 1997, Éditions PHI -Philou

pockolibriÄnneren

CabaretÄnneren

Theaterstécker déi gespillt goufenÄnneren

Theaterstécker déi net gespillt goufenÄnneren

Theater fir KannerÄnneren

Texter fir KannerÄnneren

  • Muschkilusch
  • Zebra Tscherri
  • Schallümmo

Gielercher (Auswiel)Änneren

Literatur iwwer de Guy RewenigÄnneren

Literatur iwwer d'Tania NaskandyÄnneren

  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 91-95

Um SpaweckÄnneren

Commons: Guy Rewenig – Biller, Videoen oder Audiodateien