Carlo Hommel

lëtzebuergesche Organist

De Carlo Hommel, gebuer de 24. September 1953 zu Biissen, a gestuerwen den 8. Mäerz 2006, war e Lëtzebuerger Organist.

Carlo Hommel
Gebuer 24. September 1953
Biissen
Gestuerwen 8. Mäerz 2006
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

Hien huet ufanks bei sengem Papp geléiert Uergel spillen a gouf mat 12 Joer Organist a sengem Heemechtsduerf Biissen. No der Première huet hien um Conservatoire zu Léck beim Prof. Hubert Schoonbroodt studéiert. E krut eng Assistenteplaz an de Conservatoirë Léck a Bréissel. Donieft war hien Organist an der Parkierch zu Ettelbréck (1975-1987) an an der Abtei zu Klierf (1979-1987).

1987 gouf hien opgrond vun engem Concours Nofollger vum Albert Leblanc, d. h. Titularorganist an der Kathedral vu Lëtzebuerg, säin Nofollger ass de Paul Breisch.

Hie war Grënnungsmember vum Veräin Amis de l'Orgue Luxembourg, Member vum Institut grand-ducal, an Dirigent vum Madrigal de Luxembourg, vum Ensembel "Misericordias" a vun der "Schola Willibrordiana".

Iwwer 60 Uergele sinn ënner senger Leedung gebaut resp. restauréiert ginn.

De Carlo Hommel hat eng besonnesch Léift zum Gregorianesche Choral, deen e souwuel bei Concerte wéi och an de Masse gefleegt huet. En huet un enger ganzer Rei vu Radios- an CD-Opname matgewierkt.

Um Owend vum 8. Mäerz 2006 ass de Carlo Hommel ganz onerwaart am Alter vun 52 Joer un de Follge vun enger Meningite gestuerwen.

Als Erënnerung un de Carlo Hommel huet de Paul Kayser eng Missa in memoriam Carlo Hommel geschriwwen, déi de 27. Januar 2007 zu Bäerdref an der Parkierch vum "Ensemble Vocal Berdorf" (mat Orchester a Solisten) uropgefouert ginn ass.

Publikatiounen änneren

  • Hommel, C., 1985. Apologie vum Menager. E leidenschaftleche Plaidoyer fir d'Nummer Eent. In: W. Faber, F. Théato & J. Zuang (Koord.), 1985. Buch ouni Titel, erausgi vum Sang a Klang, Pafendall. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg. S. 104-122.
  • Hommel, C., 1985. Menager als Orgelexperte. Ein (lehrreiches) Beispiel. In: Faber, W., F. Théato & J. Zuang (Koord.), 1985. S. 123-126.

Um Spaweck änneren