Musée d'art moderne grand-duc Jean
De Musée d'art moderne grand-duc Jean, kuerz MUDAM oder Mudam, ass e Musée fir zäitgenëssesch Konscht, dee beim Fort Thüngen ("Dräi Eechelen") um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg gebaut gouf. De Mudam huet den 1. Juli 2006 seng Dieren opgemaach.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°37'1,51"N, 6°8'23,63"O |
Architekt(en) | Ieoh Ming Pei |
Datum vum Bau | 2006 |
Opgaangen | 2006 |
Architekt vum Gebai ass de Ieoh Ming Pei; benannt ass et nom Groussherzog Jean, dem Papp vum aktuelle Groussherzog Henri.
D'Gebai
ännerenD'Gebai, dat op d'Enveloppe vum Fort Thünge gebaut gouf, huet eng Fläch vu ronn 10.000 m³ wouvun der 4.800 fir d'Austellunge sinn.
D'Geschicht geet op déi spéit 1980er Joren zeréck, wou et ëmmer méi däitlech gouf, datt zu Lëtzebuerg ee Musée fir modern Konscht géif feelen. Well Lëtzebuerg 1995 Europäesch Kulturhaaptstad sollt sinn, huet d'Regierung Santer-Poos II de sino-amerikaneschen Architekt gefrot, e Plang vun engem Musée auszeschaffen, deen och vum architektonesche Standpunkt hir "eppes sollt hierginn". Als Plaz war en Terrain beim Fort Thüngen um Kierchbierg erausgesicht ginn, an dem Pei huet déi Iddi, Ales - de Festungsfort - mat Neiem ze verbannen, gefall.
Déi éischt Projeten, déi de Pei uganks der 1990er virgeluecht huet sinn awer op staark Oppositioun gestouss: deenen enge war et ze grouss an ze deier, déi aner, wéi d'Frënn vun der Festungsgeschicht, hu gefaart, d'Reschter vum Réduit vum Fort Thüngen, op déi de Musée hätt solle gebaut ginn, géifen doduerch zerstéiert ginn. Iwwer 14.000 Leit hunn 1992 eng Petitioun mam Titel "D'Fangeren ewech vun den Dräi Eechelen" ënnerschriwwen.[1]
De Pei gouf gefrot, en neie Plang ouni d'Gebai vun den Dräi Eechelen ze maachen, an d'Festungsfrënn krute versprach, datt e Festungsmusée géif dora kommen. 1996 - d'Kulturjoer war grad eriwwer - gouf da vun der Regierung Juncker-Poos e Gesetzprojet virgeluecht, fir de Mudam ze bauen, deen am Dezember 1996 vun der Chamber gestëmmt gouf an de 17. Januar 1997 a Kraaft getrueden ass. Bal genee zwee Joer drop, den 22. Januar 1999, gouf deen éischte Stee geluecht.
De Bau huet 88 Milliounen Euro kascht. An der Bauphase koum et zu juristesche Reiwereien (an dowéinst Verspéidungen) well ee Soumissionaire, dee sech bei der Auswäertung vun engem Appel d'offres iwwer d'Magny dorés-Steng ongerecht bewäert gefillt huet.
2006 waren d'Aarbechte fäerdeg, an de Musée konnt den 1. Juli ageweit ginn.
De Musée
ännerenDe Mudam gëtt vun der 1997 geschaafter Fondation Musée d'art moderne Grand-Duc Jean, där hiren abléckleche President de Jacques Santer ass, verwalt.
Éischt Direktesch vum Musée, vun 2000 bis 2008, war d'Marie-Claude Beaud. Si hat ier de Musée opgoung, mat Hëllef vun engem Expertë-Comité, d'Sammlung zesummegestallt. E groussen Deel vun den Exponate kënnt vun Artisten aus Lëtzebuerg a sengen Nopeschlänner. Am Ganzen ëmfaasst d'Sammlung bis ewell eng 750 Wierker vu Kënschtler vu Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt. Vill dervu sinn Optragsaarbechten, déi sou de Raimlechkeeten ugepasst konnte ginn.
Si decken déi verschiddenst Disziplinnen a Konschtdomänen of, vun der Molerei bis bei d'Fotografie, vun der Zeechnung bis zum Video-Support, vu Multimedia bis Moud, vum Design bis zu der Graphik, vum Toun bis zu der Architektur. Eng 30 Kënschtler goufen an de Projet Be the Artists' Guest mat agebonnen, wou se a verschiddene Raimlechkeete vum Musée hir Wierker konnten integréieren.
Direktioun
ännerenvun | bis | Direkter | Bemierkung |
---|---|---|---|
2000 | 2008 | Marie-Claude Beaud | |
2009 | 2017 | Enrico Lunghi | |
01.01.2018 | 31.12.2021[2] | Suzanne Cotter[3] | |
01.04.2022 | Bettina Steinbrügge[2] |
Kënschtler, deenen hir Wierker ausgestallt ginn
ännerenAlvar Aalto, Marina Abramovic, Emmanuelle Antille, Stephan Balkenhol, Bernd an Hilla Becher, Pierre Bismuth, Sophie Calle, Hussein Chalayan, Claude Closky, James Coleman, Tony Cragg, Richard Deacon, Mark Dean, Wim Delvoye, Damien Deroubaix, Stan Douglas, Jan Fabre, Ian Hamilton Finlay, Roland Fischer, Günther Förg, Charles Fréger, Gilbert & George, Nan Goldin, Andreas Gursky, Thomas Hirschhorn, Fabrice Hybert, William Kentridge, Claude Lévêque, Mark Lewis, Richard Long, Michel Majerus, Christian Marclay, Martin Margiela, Steve McQueen, Bady Minck, Bruce Nauman, Shirin Neshat, Albert Oehlen, Blinky Palermo, Philippe Parreno, Grayson Perry, Fiona Rae, Pipilotti Rist, Thomas Ruff, Thomas Scheibitz, Julian Schnabel, Thomas Schütte, Cindy Sherman, Katharina Sieverding, Thomas Struth, Wolfgang Tillmans, Laure Tixier, Cy Twombly, Xavier Veilhan, Kara Walker a Rémy Zaugg.
Ausstellungen
änneren- Eldorado (Fir d'ouverture) 01/07/2006 - 20/11/2006
- Michel Majerus (europäesch Retrospektiv) 09/12/2006 - 07/05/2007
- TOMORROW NOW - when design meets science fiction, 25/05/2007 - 24/09/2007
- "bloom! Experiments in Color Photography by Edward Steichen" 14/07/2007 - 03/09/2007
- "Glenn Ligon: some changes" 13/10/2007 - 19/02/2008
- "Mudam Guest House 07": François Boisrond, Marie Cool & Fabio Balducci, Pascal Convert, Wim Delvoye, Thomas Demand, James P. Graham, Charles Kaisin, Vera Weisgerber, Simon Jacquard, Yazid Oulab, Jan Wangaard" 13/10/2007 - 26/11/2007
- "Portugal Agora - A propos des lieux d'origine" (Iwwerbléck iwwer zäitgenëssesch portugisesch Kreatiounen) 15/12/2007 - 07/04/2008
- "Michel Paysant - Nusquam" 15/12/2007 - 07/04/2008
- Frédéric Prat 06/03/2008 - 26/05/2008
- Out of Storage I - peintures choisies de la Collection: Rosson Crow, Dominique Gauthier, Peter Halley, Federico Herrero, Jonathan Lasker, Michel Majerus, Jean-Luc Moerman, Frank Nitsche, Albert Oehlen, Fiona Rae, Thomas Scheibitz, Juan Uslé 06/03/2008 - 26/05/2008
- China Power Station: Part III: Cao Fei, Chen Qiulin, Chu Yun, Hu Xiangqian, Ji Weiyu, Kan Xuan, Liu Wei, Ou Ning, Qiu Anxiong, Xu Zhen, Xue Tao, Yang Fudong, Zhang Ding, Zhou Tao... 26/04/2008 - 01/09/2008
- Candice Breitz - Be My Somebody 26/04/2008 - 22/09/2008
- H Box 14/05/2008 - 23/06/2008
- Grayson Perry - My Civilisation 19/06/2008 - 22/09/2008
- Thomas Scheibitz - about 90 elements / TOD IM DSCHUNGEL 19/06/2008 - 22/09/2008
- Laurent Pariente 03/07/2008 - 15/09/2008
- Nouvelles Formes, Pierre Charpin à Sèvres 11/10/2008 - 07/11/2008
- Ettore Sottsass & Sottsass Associati 11/10/2008 - 01/12/2008
- John Lurie - Bones are on the Outside 11/10/2008 - 08/12/2008
- Go East I - Mudam Collection supported by KBL European Private Bankers 11/10/2008 - 08/12/2008
- ELO. Inner Exile - Outer Limits: Götz Arndt, Jean-Marie Biwer, Gast Bouschet & Nadine Hilbert, Simone Decker, Stina Fisch, Christian Frantzen, Tina Gillen, Tom Hermes, Paul Kirps, Yvan Klein, Filip Markiewicz (Raftside), Isabelle Marmann, Bertrand Ney, Moritz Ney, Antoine Prum, Dany Prum, Roland Quetsch, Pasha Rafiy, Saskia Raux & Marc Scozzai, Danielle Scheuer, Eric Schockmel, Jean-Louis Schuller, The Plug, Jeanine Unsen, Roger Wagner, Trixi Weis, Vera Weisgerber, Wennig & Daubach 11/10/2008 - 02/02/2009
- RRRIPP!! Paper Fashion 11/10/2008 - 08/12/2008
- Ena Swansea 11/10/2008 - 02/02/2008
- Finns at Venini 11/10/2008 - 08/12/2008
- Jochen Gerner - Home 18/12/2008 - 02/03/2009
- Laure Tixier - Plaid Houses dans le cadre du cycle "Habiter" 18/12/2008 - 02/03/2009
- The Space of Words 19/02/2009 - 25/05/2009
- Moving Stills dans le cadre du "Mois Européen de la Photographie / Mutations II 19/02/2009 - 25/05/2009
- Dominique Petitgand. La porte ne s'est pas ouverte (The door didn't open) 19/02/2009 - 25/05/2009
- Beyond Kiosk. Modes of Multiplication 15/03/2009 - 13/09/2009
- Nikolay Polissky. Large Hadron Collider am Kader vum Zyklus "Habiter" 07/05/2009 - 13/09/2009
- Guillaume Leblon 18/06/2009 - 13/09/2009
- Florian Pumhösl 18/06/2009 - 13/09/2009
- Out of Storage II. Rythmes 18/06/2009 - 13/09/2009
- Jerszy Seymour. Coalition of Amateurs 18/06/2009 - 13/09/2009
- Claire Barclay 10/10/2009 - 03/01/2010
- Olivier Foulon 10/10/2009 - 03/01/2010
- Didier Marcel 10/10/2009 - 03/01/2010
- Tomás Saraceno 10/10/2009 - 03/01/2010
- Go East II. Mudam Collection supported by KBL European Private Bankers 10/10/2009 - 03/01/2010
- Dayanita Singh 12/05/2023 - 10/09/2023
- Michel Majerus 31/03/2023 - 01/10/2023
- Peter Halley 31/03/2023 - 15/10/2023
- Tourmaline 03/03/2023 - 15/10/2023
Literatur
änneren- Musée d'art moderne grand-duc Jean, 2009. Mudam, le bâtiment de Ieoh Ming Pei. Imprimerie centrale, Lëtzebuerg. 180 S., 107 Fotoen, Pläng an historesch Dokumenter (Fotoe vum Christian Aschman).
- Ministère des Travaux publics, 2006. Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. Gazette.
Zuelen
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Musée d'art moderne grand-duc Jean – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "20 Joer Kultur zu Lëtzebuerg." Emissioun vum 19. September 2013 am Audioarchiv vun 100komma7.lu, ca. 13. Minutt.
- ↑ 2,0 2,1 (de)Bettina Steinbrügge neue Generaldirektorin des Mudam. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-11-12). Gekuckt de(n) 2021-11-12.
- ↑ "D'Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam." rtl.lu, 06.10.2017, 18:08:09.