De Film Petites misères ass e Comedie-Drama vun de Filmregisseure Philippe Boon a Laurent Brandenbourger aus dem Joer 2002

Petites misères
Film
Produktiounsland Frankräich
Lëtzebuerg
Belsch
Première 6. Februar 2002 (FR)
Dauer 77 min
Format 2,35:1
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Philippe Boon, Laurent Brandenbourger
Dréibuch Philippe Boon, Laurent Brandenbourger
Fotografie Willy Stassen
Musek Jeff Bodart, Olivier Bodson, Pierre Gillet
Schnëtt Sandrine Deegen
Produzent Patrick Quinet
Alain Rozanès
Pascal Verroust
Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
ADR Productions
Artémis Productions
Samsa Film
Schauspiller
Albert Dupontel als Jean
Marie Trintignant als Nicole
Bouli Lanners als Eddy
Serge Larivière als Georges
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Jean (Albert Dupontel) ass vu Beruff Dierwiechter. Och wann hie säi Beruff mat Rigueur ausféiert, hëlt hie sech heiansdo kleng eethesch zweiwelhaft Fräiheeten. Hien ass bestuet mam Nicole (Marie Trintignant), enger schéiner, zwanghaft neurasthenischer Fra, déi reegelméisseg Shoppingattacke kritt, déi si dann zesumme mat hirem Lover Georges (Serge Larivière) auslieft. De Georges selwer ass chronesch verschëlt, süchteg no Teleshopping an heiansdo matschëlleg um Jean senge Magouillen. Wéi de Jean den Eddy (Bouli Lanners) trëfft, en tollpatschege Polizist mat Matgefill, deem seng Missioun et ass, de Jean bei senge Saisien ze begleeden, gëtt seng Existenz zu engem Albdram.

Filmproduktioun an Accueil änneren

Fir d'Produktioun vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film am Joer 2000 e Subside an Héicht vun 15 Millioune Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong.[1]

Den amerikaneschen Titel vum Film ass Dead Man's Hand.

De Film gouf als lëtzebuergesche Bäitrag fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film" virgeschloe, mee gouf net nominéiert.[2]

Um franséische Site Allociné huet de Film eng duerschnëttlech Bewäertung vun 3,3 op 5, vun insgesamt 12 Kriticken aus der geschriwwener Press. D'Benotzer vum Site hunn dem Film eng Duerchschnëttbewäertung vun 2,4 vu 5 Punkte ginn.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 208
  2. paperjam.lu: Le film "Petites Misères" aux Oscars (12. November 2002)
  3. De Film op Allocine