Geneviève Mersch

lëtzebuergesch Regisseurin

D'Geneviève Mersch, gebuer de 17. Januar 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Filmregisseurin an Dréibuchautorin.[1]

Geneviève Mersch
Gebuer 17. Januar 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur

Si schafft zu Lëtzebuerg an an der Belsch an dréint souwuel Documentairë wéi och fiktiv Filmer.[2]

Zu hire bekannte Wierker zielen Le pont rouge (1991) iwwer d'Leit, déi ufanks der 1990er ënner der Rouder Bréck gewunnt hunn, souwéi de Spillfilm J'ai toujours voulu être une sainte (2002).

Karriär änneren

Éischt Notorietéit mat Kuerzfilmer änneren

Nodeems si e BTS am Marketing zu Stroossbuerg krut, huet d'Geneviève Mersch um Institut des Arts de Diffusion zu Louvain-la-Neuve studéiert.[2][3]

Hire "film de fin d'études", de fiktive Kuerzfilm La Ballade de Billie (1989), krut 1990 direkt eng Rëtsch Filmpräisser, dorënner de Präis fir déi bescht Schauspillerin um Festival international des écoles de cinéma vun Nîmes, de Präis fir déi bescht Schauspillerin an de Präis vum Kulturministère zu Mons, eng "mention spéciale" um Festival des Grandes Ecoles de Cinéma du Monde zu Montréal an de Grousse Präis zu Valenciennes.[4]

1991 ass si mat hirem Kuerzfilm Le pont rouge engem gréissere Public bekannt ginn. Et ass een Documentaire iwwer d'Bewunner vum Pafendall, déi ënner der Rouder Bréck an der Stad Lëtzebuerg wunnen. D'Rout Bréck war deemools nach net ofgeséchert, an d'Awunner fanne reegelméisseg an hire Gäert d'Läiche vu Leit, déi sech vun der Bréck an den Doud gehäit hunn.[5] Och dee Film krut e puer Filmpräisser an ass op ville Filmfestivaller gelaf, dorënner zu London, Paräis, Wellington, Tampere a San Francisco.[4]

D'Joer drop huet si fir d'APEMH véier Spotte fir d'Integratioun vu Mënsche mat mentaler Behënnerung gedréint, souwéi eent vu siwe Segmenter am belsche Sketch-Film Les sept péchés capitaux. Déi aner sechs Segmenter goufe vun anere Realisateure gedréint, dorënner de Frédéric Fonteyne.

Hiren nächste fiktive Film, John (1995), weist wéi sech d'Fernbezéiung tëscht enger Bréisselerin an engem Amerikaner op Dauer verschlechtert.[4]

Och Roger aus dem Joer 1995 krut vill Opmierksamkeet. Et ass de Portrait vun engem geschwätzege jonke Mann, deen um Rand vun der Gesellschaft lieft. E ass um Filmfestival Max Ophüls Preis zu Saarbrécken an an enger Rei anere Filmfestivalle gelaf.[4][6][7]

Sentimental Journey, e Kuerzfilm-Documentaire vun 1995, dréint sech ëm däitsch an amerikanesch Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich, déi ëmmer erëm op hiren Asazplaz zu Lëtzebuerg zeréckkomme fir hir Traumata ze verschaffen.[8]

Do dertëscht huet si mat Shahnaz (1996) e 14-Minutte Portrait vun engem jonke Meedchen a sengem Liewen am Afghanistan fir de Kont vu Médecins sans frontières gezeechent.

Am kuerzen Documentaire Iwwer an eriwwer (1997) geet et ëm déi zwéin Deeler vun der Uertschaft Eesbech, duerch déi déi däitsch-lëtzebuergesch Grenz leeft, a wéi een Impakt den Zweete Weltkrich op d'Liewe vun den Awunner hat.[7]

1996 an 1998 huet d'Geneviève Mersch och zwéi kuerz Documentairen an der Rei Portraits d'artistes bäigesteiert a zwar iwwer d'Kënschtlerinnen Ann Vinck a Liliane Heidelberger.

Éischte Spillfilm a weider Documentairen änneren

2001 huet d'Geneviève Mersch mam Kuerzfilm Verrouillage central (2001) e modernt Märche gedréint, dat op humoristesch Manéier op d'Ängscht vun enger jonker Fra ageet, déi d'Flemm huet, fir eleng ze sinn. Si hofft drop, hire "Prënz" ze fannen, a fënnt e bei hiren Deckelsmouken, vun deenen eng op eemol ufänkt ze schwätzen.

Zwee Joer drop koum hiren éischte Spillfilm eraus, J'ai toujours voulu être une sainte, mat der Marie Kremer an Thierry Lefèvre an den Haaptrollen. Dës lëtzebuergesch-belsch Koproduktioun gouf mam "Zénith d'or" als beschte Spillfilm um Festival des films du monde vu Montréal ausgezeechent.[9]. E krut och de Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Lëtzebuerger Film" , zesumme mat L'homme au cigare. Am franséischsproochege Film geet et ëm eng Jugendlech op der Sich no hirer Mamm, déi si no hirer Gebuert am Stach gelooss huet.

Mat De Marathon vum Glawen (2016) huet d'Geneviève Mersch en Documentaire an der 2. Staffel vun der Rei routwäissgro, iwwer d'Pilgerplaz vun der Notre-Dame vu Fatima zu Wolz realiséiert[10][11].

2017 gouf si vum CNA kontaktéiert, fir eppes mat den alen Amateurfilmer ze maachen, déi de Filmarchiv vun Diddeleng huet. Zesumme mat der Monteuse Pia Dumont huet si fënnef Kuerzfilmer vu fënnef Minutten erstallt. D'Zil war fir déi wichteg Kollektioun vu private lëtzebuergesche Filmer ze valoriséieren an engem neie Public zougänglech ze maachen. Déi Kuerzfilmrei mam Titel Komm... ech filmen dech! ass 2020 erauskomm[12][13].

Filmographie änneren

Documentairen änneren

Fiktiv Wierker änneren

Aneres änneren

  • 1992: Imago Luxemburgi, Videodokument fir d'Ausstellung mam selwechten Numm zu Lissabon[4]
  • 1992: Mateneen Liewen, 4 Spotte iwwer d'Integratioun vu Mënsche mat mentaler Behënnerung fir d'APEMH[4]
  • 1996: Shahnaz, Portrait fir MSF
  • 1999: D'Superdreckskëscht, Industriefilm[4]
  • 2000: La Luxembourgeoise, Publicitéitsfilm[15]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. paperjam.lu: Geneviève Mersch, de l'autre côté de la caméra (25. November 2015)
  2. 2,0 2,1 Presentatioun um Site vum Centre de l'Audiovisuel à Bruxelles
  3. sentieriselvaggi.it: Lo sguardo obliquo di Geneviève Mersch (10. Oktober 2005)
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 4,6 4,7 4,8 Mersch Geneviève: Au-delà du pont rouge (27. September 2002)
  5. Ons Stad, Nr. 87 2008, Filmland Luxemburg, Säit 18
  6. Roger um Site vum Filmfong
  7. 7,0 7,1 cinergie.be: J'ai toujours voulu être une sainte de Geneviève Mersch (1. Oktober 2002)
  8. TAZ: Lauter eigene Geschichten – Filme von Geneviève Mersch im fsk (11. Juni 1998)
  9. filmfund.gouvernement.lu: Bonne rentrée pour les productions luxembourgeoises: "Zénith d'or" pour la réalisatrice Geneviève Mersch au Festival des films du monde de Montréal (9. September 2003)
  10. 5minutes.rtl.lu: Le marathon de la foi (13. Januar 2017)
  11. wort.lu: Realizadora luxemburguesa apresenta documentário sobre peregrinação a Wiltz (14. Dezember 2016)
  12. Komm... ech filmen dech! op der Websäit vum CNA
  13. "Komm, ech filmen dech!" (10. November 2021)
  14. 14,0 14,1 French-Speaking Women Film Directors: A Guide vum Janis L. Pallister, 1997, Associated University Presses, Säit 38
  15. Publicitéitsfilm La Luxembourgeoise aus dem Joer 2000