Barrage (Film)
Barrage ass e lëtzebuergesch-franséisch-belsche Spillfilm vun der lëtzebuergescher Regisseurin Laura Schroeder. En hat seng Première op der Berlinale 2017 am Kader vun der Sektioun Forum akoum den 19. Juli 2017 an de Kino.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Frankräich Belsch |
Produktiounsjoer | 2017 |
Première | 10. Februar 2017 |
Dauer | 112 min |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Laura Schroeder |
Dréibuch |
Laura Schroeder Marie Nimier |
Fotografie | Hélène Louvart |
Schnëtt | Damien Keyeux |
Produzent |
Red Lion MACT Productions Entre Chien et Loup |
Schauspiller | |
Lolita Chammah Thémis Pauwels Isabelle Huppert Charles Muller Elsa Houben Marja-Leena Junker Luc Schiltz Juliette Moro | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenNo 10 Joer am Ausland kënnt d'Catherine hannescht op Lëtzebuerg, wou et seng Duechter Alba bei senger Mamm Elisabeth gelooss hat. Et ass net einfach nees eng Relatioun zum Alba opzebauen...
Soss
ännerenD'Isabelle Huppert an d'Lolita Chammah sinn och am richtege Liewe Mamm an Duechter.
De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Red Lion 2015 e Subside an Héicht vun 2,3 Milliounen Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[1] Schonn d'Joer virdru krut se 60.000 Euro vum Filmfong, fir d'Dréibuch ze entwéckelen.[2][3]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Fiche op filmfund.lu
- Interview mat der Regisseurin op cineuropa.org (en)
Referenzen
änneren- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions juillet 2015
- ↑ filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 19 mars 2014
- ↑ filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 24 septembre 2014