De Film Shadow of the Vampire ass eng US-amerikanesch-lëtzebuergesch-brittesch Koproduktioun vum E. Elias Merhige aus dem Joer 2000.

Shadow of the Vampire
Film
Produktiounsland Groussbritannien
USA
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2000
Première 2000
Dauer 91 min
Faarf Faarweg
Format a Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie E. Elias Merhige
Dréibuch Steven Katz
Fotografie Lou Bogue
Musek Dan Jones
Produzent Nicolas Cage
Jean-Claude Schlim
Jimmy de Brabant
Schauspiller
John Malkovich als F. W. Murnau
Willem Dafoe als Max Schreck
Udo Kier als Albin Gau
Cary Elwes als Fritz Wagner
Catherine McCormack als Greta
Eddie Izzard als Von Wangenhein
Patrick Hastert
Sascha Ley
Marie-Paule von Roesgen
Marja-Leena Junker
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film erzielt op eng fantastesch Manéier d'Dréiaarbechte vum Film Nosferatu - Eine Symphonie des Grauens aus dem Joer 1922 vum Friedrich Wilhelm Murnau. Den Haaptacteur Max Schreck (Willem Dafoe) spillt dobäi de Vampir Grof Orlock sou realistesch, datt der Filmcrew d'Dronkenellen ausginn...

Soss änneren

Shadow of the Vampire ass zu engem groussen Deel an de Studioe vun Delux Productions zu Conter hiergestallt ginn. Et sinn och verschidden Zeenen um Gehaansbierg zu Diddeleng, op der Eisebunnsstreck Fond-de-Gras - Péiteng an zu Veianen an der Buerg gedréint ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren