Tel Aviv on Fire ass en international ko-produzéierte Spillfilm aus dem Joer 2018. Et ass eng Mëschung aus Comedy an Drama.

Tel Aviv on Fire
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Israel
Frankräich
Première 2. September 2018
Dauer 100 min
Faarf Faarweg
Format 2,39:1
Originalsprooch Arabesch, Hebräesch
Ekipp
Regie Sameh Zoabi
Dréibuch Dan Kleinman, Sameh Zoabi, Ricardo Hernández Anzola (Buch op deem de Film baséiert)
Fotografie Laurent Brunet
Musek André Dziezuk
Schnëtt Catherine Schwartz
Produzent Amir Harel, Bernard Michaux, Miléna Poylo, Gilles Sacuto
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film, Lama Films, TS Productions, Artémis Productions, BE TV, RTBF, Shelter Prod, VOO
Schauspiller
Kais Nashif: Salam Abbass
Lubna Azabal: Tala
Yaniv Biton: Assi Tzur
Nadim Sawalha: Bassam
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

70% vum Film goufen zu Lëtzebuerg am Filmland gedréint.[1] E war de Lëtzebuerger Virschlag fir den Oscar an der Kategorie "Beschten internationale Film", mee gouf net nominéiert.[2]

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Salam, en 30-järege Palestinenser aus Jerusalem, ass e Stagiaire bei der beléifter Seefenoper Tel Aviv on Fire, déi zu Ramallah gedréint gëtt. Hie muss all Dag duerch e beschwéierlechen israeeleschen Checkpoint goen, fir an de Fernseestudio ze kommen. Do trëfft hien de Kommandant vum Check-Point, den Assi, deem seng Fra e grousse Fan vun der Show ass. Fir seng Fra ze beandrocken, gëtt hien involvéiert am Schreiwe vun den Dréibicher fir déi Emissioun. De Salam realiséiert, datt dem Assi seng Iddien him kéinten hëllefen, eng Positioun als Dréibuchauteur ze kréien. Seng kreativ Karriär schéngt um gudde Wee ze sinn, bis den Zaldot an d'Produzenten ënnerschiddlech Virstellungen dovun hunn, wéi de Schluss vun deem Programm soll ausgesinn, an de Salam stënterlech tëscht zwee Still sëtzt...

Produktioun änneren

De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Samsa Film 2016 e Subside an Héicht vun 908.000 Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[3]

Kritik änneren

Florent Toniello, Woxx:[4]

Situé au cœur d'un conflit aux ramifications inextricables, « Tel Aviv on Fire » réussit le tour de force d'offrir une comédie légère et intelligente sur un sujet brûlant. Une coproduction luxembourgeoise réjouissante. [...] Certes, « Tel Aviv on Fire » adopte peut-être trop le modèle du feuilleton dont il conte l'histoire, en proposant un style de réalisation plus utilitaire qu'artistique. [...] Il n'empêche que le film reste une comédie amusante et intelligente au beau milieu du conflit israélo-palestinien, et ce n'est pas rien.

Katharina Granzin, TAZ[5]

Dass es überhaupt geht, die politischen Aufgeregtheiten in Nahost so unaufgeregt aufs Korn zu nehmen und zugleich einen ultimativen Anti-Macho als Helden zu präsentieren, ist wirklich allerhand. Sameh Zoabi ist ein kleines filmisches Husarenstück geglückt.

Um franséische Site Allociné huet de Film eng Bewäertung vun 3,7 vu 5, vun insgesamt 17 Rezensiounen aus der Press.[6]

Filmpräisser änneren

Tel Aviv on Fire huet eng Rei Präisser gewonnen, dorënner dee vum beschte Schauspiller (fir de Kais Nashef) um Filmfestival vu Venedeg 2018, dee vum beschte Film an dem beschten Dréibuch um Filmfestival vun Haifa 2018, an dee vum beschte Film um Filmfestival vu Seattle 2019. Beim Israeelesche Filmpräis 2019 gouf de Film an der Kategorie "Bescht Dréibuch" ausgezeechent, a beim Lëtzebuerger Filmpräis 2021 war en dräi Mol nominéiert, an den André Dziezuk huet de Präis fir déi bescht Filmumsek gewonnen.

Och beim Europäesche Filmpräis 2019 a bei de Magritte du cinéma 2020 war de Film nominéiert.

Fiche vum Film änneren

Referenzen änneren

  1. lequotidien: Le Luxembourg primé à la Mostra de Venise avec « Tel Aviv on Fire » (9. September 2018)
  2. hollywoodreporter.com: Oscars: Luxembourg Selects ‘Tel Aviv on Fire’ for International Feature Film Category (24. September 2019)
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions avril 2016
  4. woxx.lu: Dans les salles : Tel Aviv on Fire vum Florent Toniello (11. Abrëll 2019)
  5. taz.de: Beim Seriengucken sind alle gleich vum Katharina Granzin (4. September 2019)
  6. De Film op allocine.fr