De tweeling (Film 2002)
De Spillfilm De tweeling ass eng hollännesch-lëtzebuergesch Koproduktioun vum hollännesche Filmregisseur Ben Sombogaart aus dem Joer 2002.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Holland Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2002 |
Première | 2002 |
Dauer | 137 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,85:1 |
Originalsprooch | Hollännesch |
Ekipp | |
Regie | Ben Sombogaart |
Dréibuch |
Marieke van der Pol no engem Roman vum Tessa de Loo |
Fotografie | Piotr Kukla |
Musek | Fons Merkies |
Produzent |
Hanneke Niens Jani Thiltges Anton Smit |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
Ellen Vogel als Lotte Senior Gudrun Okras als Anna senior Thekla Reuten als Lotte Nadja Uhl als Anna Julia Koopmans als Lotte als Kand Sina Richardt als Anna als Kand Betty Schuurman als Mamm Rockanje Jaap Spijkers als Papp Rockanje Roman Knizka als Martin Margarita Broich als Martha Ingo Naujoks als Monni Heinrich Barbara Auer als Charlotte Jeroen Spitzenberger als David Jean-Paul Maes als Här Stolz Germain Wagner als Jacobsmeyer Marco Lorenzini als Papp Grosalie Monique Reuter als Liesl Serge Tonnar Patrick Hastert Christian Kmiotek Sascha Ley Frédéric Frenay | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDäitschland 1920. Nom Doud vun hiren Eltere ginn d'Zwillingsschwësteren Anna a Lotte getrennt. D'Lotte déi d'Tuberkulos huet kënnt bei eng Famill an Holland bei där si et gutt huet. D'Anna dat gesond ass, kënnt bei eng Famill an Däitschland déi op engem Bauerenhaff lieft. D'Anna huet et méi schlecht geroden, si muss Dag an Nuecht schaffen.
De Film erzielt dann dat weidert Liewe vum Lotte a vum Anna, a wéi den Zweete Weltkrich dramatesch Auswierkungen op hiert Liewen an hir Bezéiungen huet.
Soss
ännerenDréiplaze waren ënner anerem am Äsbechdall, laanscht d'Huel Lee bei Bäerdref, d'Orangerie zu Iechternach, d'Schlass Aansebuerg, d'Walfer Schlass. Dës hunn duergehale fir de Bësch ronderëm Spa, en Härenhaus um Rhäin an eent bei der Oder, souwéi eng Kasär an Däitschland. Kuerz Zeene goufen och ë. a. am Stater Zerkel, an an der Fiels gedréint.
-
Huel Lee
-
Orangerie Iechternach
-
Schlass Aansebuerg
-
Walfer Schlass
2004 war De Tweeling nominéiert fir den Oscar fir de beschte friemsproochege Film, deen en awer net gewonnen huet.