Lëtzebuerger Filmpräis
De Lëtzebuerger Filmpräis ass eng Auszeechnung fir déi bescht Lëtzebuerger Kontributiounen a Saache Film, déi vum Kultur- a vum Kommunikatiounsministère vergi gëtt. Dëst geschouch eng éischt Kéier den 10. Oktober 2003 an der Rotonde zu Bouneweg.
Ursprénglech war geplangt, all Joer sou Präisser ze verginn, mä nodeem den zweete Filmpräis eréischt de 14. Oktober 2005 vergi gouf, ass dat zanterhir all 2 Joer. 2012 bis 2016 war d'Verdeelung vum Präis zäitgläich mam Discovery Zone-Filmfestival organiséiert ginn (deen 2014 a Luxembourg City Film Festival ëmgedeeft gouf). Zanter 2014 ass d'Lëtzebuerger Filmakademie fir d'Organisatioun responsabel.
D'Statu, déi d'Laureaten iwwerreecht kréien, gouf vun der Sculptrice Patricia Lippert entworf.
Den 9. Lëtzebuerger Filmpräis (2021)Änneren
Den 9. Lëtzebuerger Filmpräis, deen hätt sollen am Oktober 2020 ofgehale ginn, gouf wéinst der COVID-19-Pandemie an d'Joer 2021 verréckelt.[1]
Den 8. Lëtzebuerger Filmpräis (2018)Änneren
D'Präisser vun der 8. Editioun goufen den 22. September 2018 am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg verdeelt. Animéiert gouf d'Zeremonie vum Guy Helminger, dem Isaac Bush an der Elisabet Johannesdottir.[2]
47 Filmer waren an der Kompetitioun. Et gouf dës Kéier fir d'éischt dräi nei Kategorien: déi vum beschte Schauspiller oder der beschter Schauspillerin; déi vun der beschter Produktioun fir d'Televisioun oder déi nei Medien; an déi vun der beschter kreativer Kontributioun bei engem Animatiounsfilm.[3]
PalmarèsÄnneren
- Beschte Fiktiouns- oder Animatiounssspillfilm (laang): Gutland vum Govinda Van Maele
- Bescht Fiktiouns-Koproduktioun (laang): Noces vum Stephan Streker
- Bescht Animatiouns-Koproduktioun (laang): The Breadwinner vun der Nora Twomey
- Beschten Dokumentarfilm: La supplication vum Pol Cruchten
- Beschte Kuerzfilm: Fils vum Cyrus Neshvad
- Bescht Produktioun fir Televisioun oder nei Medien: Bad Banks vum Christian Schwochow
- Bescht kënschtleresch Kontributioun an engem Fiktiounslaangfilm: Uli Simon fir d'Kostümer an Egon Schiele.
- Bescht kënschtleresch Kontributioun an engem Animatiounslaangfilm: D'Animatiounsekipp vu Melusine Productions/Studio 352 fir de Fil The Breadwinner
- Bescht Schauspillerin/beschte Schauspiller: Vicky Krieps fir hir Roll a Gutland.
De 7. Lëtzebuerger Filmpräis (2016)Änneren
D'Präisverdeelung vun der 7. Editioun war de 5. Mäerz 2016 am Groussen Theater. Moderéiert gouf se vum Eugénie Anselin a Claude Frisoni.
A Kompetitioun stounge 16 Co-Produktiounen, 4 Long-Metragen, 9 Documentairen, 12 Kuerzfilmer an 3 Animatiounsfilmer, wouraus d'Membere vun der Lëtzebuerger Filmakademie hire Choix getraff hunn.
PalmarèsÄnneren
- Beschte Kuerzfilm: Quenottes vum Pascal Thiébaux a Gil Pinheiro
- Beschten Animatiouns- Kuerzfilm: The Light Eater vum Sean McCormack
- Bescht Animatiouns-Koproduktioun: Song of the Sea vum Tomm Moore
- Bescht Fiktiouns-Koproduktioun: Le Tout Nouveau Testament vum Jaco Van Dormael
- Beschten Documentaire: Black Harvest vum Jean-Louis Schuller a Sean Clark
- Beschte Spillfilm: Eng nei Zäit vum Christophe Wagner
- Bescht kënschtleresch Kontributioun: Luc Schiltz fir seng Haaptroll an Eng nei Zäit
- Bescht technesch Kontributioun: Jako Raybaut fir d'Kamera a Luucht an Eng nei Zäit
De 6. Lëtzebuerger Filmpräis (2014)Änneren
D'Zeremonie vum 6. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de 7. Mäerz 2014 am GoodBye Monopol 2 (Stad Lëtzebuerg) organiséiert. De Gabriel Boisanté huet s'animéiert.
15 Kuerzfilmer, 24 Koproduktiounen, 3 Laangfilmer, 10 Documentairen, 4 Animatiounsfilmer hunn ëm d'Präisser konkurréiert.
PalmarèsÄnneren
- Beschte Kuerzfilm: 22:22 vum Julien Becker
- Beschten Animatiouns- Kuerzfilm: Mr Hublot vum Laurent Witz an Alexandre Espigares
- Bescht Koproduktioun: Hannah Arendt vun der Margarethe von Trotta.
- Beschten Documentaire: Never die young vum Pol Cruchten
- Beschte Spillfilm: Doudege Wénkel vum Christophe Wagner
- Beschten Animatiounsfilm: Ernest & Célestine vum B. Renner, V. Patar, S. Aubier
- Bescht kënschtleresch Kontributioun: de Schauspiller Jules Werner fir seng Roll an Doudege Wénkel
- Bescht technesch Kontributioun: Jako Raybaut fir seng Kameraaarbecht an Doudege Wénkel
JuryÄnneren
Amplaz vun enger Jury hunn dëst Joer eng éischt Kéier all d'Membere vun der Filmakademie déi an hiren Ae bescht Filmer ausgewielt.
De 5. Lëtzebuerger Filmpräis (2012)Änneren
Déi 5. Editioun war den 9. Mäerz 2012 am Casino 2000.[4]
PalmarèsÄnneren
- Beschte Kuerzfilm: En Dag am Fräien vum Govinda Van Maele
- Bescht Koproduktioun: Illégal vum Olivier Masset-Depasse
- Beschten Documentaire: High Low vum Jean-Louis Schuller a Sam Blair
- Beschte Spillfilm: Hot Hot Hot vun der Beryl Koltz
- Beschten Animatiounsfilm: Rose & Violet von Claude Gosch a Luc Otter
- Bescht kënschtleresch Kontributioun: Ex-aequo: André Dziezuk (Musek) a Paul Scheuer a Maisy Hausemer (Dréibuch) fir D'Symmetrie vum Päiperlek
- Bescht technesch Kontributioun: Jean-Louis Schuller
- Prix du jeune espoir: Vicky Krieps fir hir Roll am Film Die Vermessung der Welt vum Detlev Buck
JuryÄnneren
Vesna Andonovic, Claude Bertemes, Roger Fohl, Claude Frisoni, Marie Labory, Max Permantier, Jean-Pierre Thilges.[5]
De 4. Lëtzebuerger Filmpräis (2009)Änneren
De 4. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de 4. Dezember 2009 an der Lux-Expo iwwerreecht[6].
PalmarèsÄnneren
D'Laureate vum 4. Lëtzebuerger Filmpräis sinn:[7]
- Beschte Kuerzfilm: Routine vum Saesa Kiyokawa
- Bescht Koproduction: Brideflight vum Ben Sombogaart (koproduzéiert vu Samsa Film)
- Beschten Documentaire: Entrée d'artistes vum Andy Bausch
- Beschte Spillfilm: House of Boys vum Jean-Claude Schlim
- Beschten Animatiounsfilm: Panique au village vum Stéphane Aubier a Vincent Patar (Laangfilm); Le viel homme dans le brouillard vum Thierry Schiel (Kuerzfilm)
- Bescht kënschtleresch Kontributioun: Beryl Koltz (Regie) an Armand Strainchamps (Dréibuch) vun Diddeleng - 100 Joer, 100 Gesiichter
- Bescht technesch Kontributioun: Carlo Thiel fir seng Kamera-Aarbecht bei House of Boys
- Publikumspräis: InThierryView vum Andy Bausch
- Speziellpräis vum Jury fir d'Dekoratrice Christina Schaffer.
JuryÄnneren
Boyd van Hoeij, Désirée Nosbusch, Viviane Reding, Nico Simon, Klaus Peter Weber, Frank Wilhelm, Dan Wiroth.
Den 3. Lëtzebuerger Filmpräis (2007)Änneren
Déi drëtt Editioun war den 30. November 2007 an der Rockhal.
PalmarèsÄnneren
- Beschte Lëtzebuerger Film:
- Beschten Documentaire: Plein d'essence vun der Geneviève Mersch
- Beschte Spillfilm: Your Name is Justine vum Franco de Peña
- Bescht Koproduktioun: Irina Palm vum Sam Garbarski
- Beschte Kuerzfilm: The Plot Spoiler vum Jeff Desom
- Beschten artistesche Bäitrag: Donato Rotunno fir d'Regie an In a Dark Place
- Bescht technesch Kontributioun: Thierry Faber fir de Schnëtt an Josh, Fernand Bertemes a Le gardien du nid
- Prix du jeune espoir: Olivier Pesch
- Publikumspräis: Perl oder Pica vum Pol Cruchten
- Éierepräis: Georges Fautsch, Maisy Hausemer a Paul Scheuer fir hir Filmer als Grupp AFO Film
- Sukuma Millenium Award: Niklas Warnecke
JuryÄnneren
Erna Hennicot-Schoepges, Caroline Mart, Elizabeth Conter, Jan Vandierendonck, Denis Darroy, Duncan Roberts, Jo Cox.
SACEM Lëtzebuerg Präis fir déi bescht FilmmusekÄnneren
- Jeannot Sanavia fir d'Musek vun Nuits d'Arabie
Den 2. Lëtzebuerger Filmpräis (2005)Änneren
D'Zeremonie vum 2. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de Oktober 2005 an der aler Mousels-Brauerei a Clausen organisiéiert.
PalmarèsÄnneren
- Beschte Lëtzebuerger Film:
- Heim ins Reich vum Claude Lahr
- Mention spéciale un de Christophe Wagner "fir säi Courage, am Film Doheem en aktuellen a ganz delicate Sujet ze traitéieren"
- Bescht Koproduktioun: Girl with a Pearl Earring vum Peter Webber
- Beschte Kuerzfilm: ex-aequo:
- Butterflies vum Max Jacoby
- Starfly vum Beryl Koltz
- Beschten artistesche Bäitrag: ex-aequo
- Véronique Sacrez fir d'Dekore vun La femme de Gilles
- Christina Schaffer fir d'artistesch Leedung vum Film Girl with a Pearl Earring
- Bescht technesch Kontributioun: Carlo Thoss (Toun) fir seng Gesamtcarrière
- Beschten europäesche Film: Gegen die Wand vum Fatih Akin
- Prix du jeune espoir: Christophe Wagner
- Publikumspräis: Heim ins Reich vum Claude Lahr
D'JuryÄnneren
Groussherzogin Maria Teresa, Sylvie Flammang, Josée Hansen, Lynne Polak, Myriam Muller, Philippe Reynaert, Faruk Günaltei.
SACEM Lëtzebuerg Präis fir déi bescht FilmmusekÄnneren
- Gast Waltzing fir d'Kompositioun vun der Musek vum Film George and the Dragon
D'Juri vum Sacem Lëtzebuergpräis: Raoul Nadalet, Roland Wiltgen, Eric Falchero, Joël Heyar, Bob Krieps,
Den 1. Lëtzebuerger Filmpräis (2003)Änneren
De Lëtzebuergr Filmpräis gouf eng éischt Kéier den 10. Oktober 2003 an der Rotonde zu Bouneweg verginn.
PalmarèsÄnneren
- Beschte Lëtzebuerger Film: ex æquo:
- J'ai toujours voulu être une sainte vum Geneviève Mersch
- L'homme au cigare vum Andy Bausch.
- Bescht Koproduktioun: Une part du ciel vum Bénédicte Liénard.
- Beschte Kuerzfilm: If not why not vum Daniel Wiroth.
- Bescht kënschtleresch Kontributioun:Thierry van Werveke, Schauspiller (Le Club des Chômeurs).
- Bescht technesch Kontributioun: Thierry Faber, Monteur (ë. a. fir Les Luxembourgeois dans le Tour de France).
- Beschten europäesche Film: Hable con ella vum Pedro Almodóvar.
- Prix du jeune espoir: Daniel Wiroth, Filmregisseur.
- Éierepräis: Gordian Troeller, Auteur a Regisseur vun Dokumentarfilmen (posthum).
Präisser vun der Stad LëtzebuergÄnneren
- Spezialpräis fir de Film L'homme au cigare vum Andy Bausch.
- Éierepräis fir de Fred Junck, Grënner a fréieren Direkter vun der Stater Cinemathéik (posthum).
D'Jury vum 1. FilmpräisÄnneren
Michel Cieutat, Tom Hensgen, Claude Neu, Josiane Peiffer, Théo Péporté, Romain Roll, Marc Scheffen
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ "La 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis et les assises du cinéma reportées à 2021." Communiqué op gouvernement.lu, 27.04.2020.
- ↑ " "Gutland" vum Govinda Van Maele beschte Film." rtl.lu, 23.09.2018, 10:57:45.
- ↑ "3 nei Kategorie beim Lëtzebuerger Filmpräis: Wien ass nominéiert fir bescht Lëtzebuerger Actrice oder Acteur?" rtl.lu, 20.06.2018, 15:52:43.
- ↑ "Lëtzebuerger Filmpräis den 9. Mäerz am Casino 2000 " rtl.lu, 16.02.2012, 10:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.02.2012, 12:24.
- ↑ "Jury" op http://filmprais.blogspot.com
- ↑ [1]
- ↑ "Palmarès" op filmprais.blogspot.com