Never Die Young ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Pol Cruchten aus dem Joer 2013.

Never Die Young
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 30. Mäerz 2013 (Avant-première)
Dauer 66 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Pol Cruchten
Dréibuch Pol Cruchten
Fotografie Jerzy Palacz
Schnëtt Dominique Galliéni
Dominique Vieillard
Produzent Pol Cruchten
Jeanne Geiben
Produktiouns-
gesellschaft
Red Lion
Schauspiller
Franséisch Versioun:
Robinson Stévenin: Mann (Stëmm)
Laurence Côte: Fra (Stëmm)
Däitsch Versioun:
August Diehl: Mann (Stëmm)
Sophie Rois: Fra (Stëmm)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Guido Peter gëtt 1957 zu Péiteng gebuer. Am Alter vun 12 Joer gëtt hien an en Internat zu Arel geschéckt. No dräi Joer geet hien zeréck op Péiteng, mee d'Liewen ass anescht. De Guido ass méi erwuesse ginn a behëlt sech anescht. Hien huet all Vertrauen an d'Autoritéite verluer a fänkt un, Drogen ze huelen. Hie gëtt ofhängeg, a fir seng Sucht kënnen ze finanzéieren, fänkt hien un, Heroin ze verkafen. Mee et dauert net laang, bis d'Liewen, sou wéi hien et kennt, en abrupte Stopp kritt. Hien ass geläämt an un e Rollstull gebonnen.

Hannergrond änneren

De Film ass kee klasseschen Dokumentarfilm; e gëtt och als "Doku-Fiktioun" oder "fiktional Dokumentatioun" beschriwwen.[1][2][3] En erzielt d'Liewe vun enger reeller Persoun awer ouni Dialog. Eng Stëmm erzielt d'Geschicht an et gi Wäitwénkelopname gewisen.

An engem Interview sot de Pol Cruchten, hie géif de Protagonist vum Film 15 Joer laang kennen an hätt e reegelméisseg besicht.[3] An engem aneren Interview nennt hien déi Persoun säi Cousin, deen de Film inspiréiert hätt.[4]

Ufanks war geplangt, Interviewe mat relevanten Experten an de Film anzebauen. Déi goufen och gedréint, mä spéider erëm erausgeholl[5].

De Film gouf haaptsächlech zu Lëtzebuerg gedréint, mat e puer Opnamen zu Colmar am Elsass an zu De Panne op der belscher Côte.[4]

Déi däitsch Adaptatioun vum franséischen Original gouf vum däitsche Bestsellerauteur Daniel Kehlmann an déi englesch vum britteschen Dramatiker Christopher Hampton realiséiert.

Opféierung a Präisser änneren

De Film hat seng Avant-première den 30. Mäerz 2013 an der Discovery Zone, dem Filmfestival vun der Stad Lëtzebuerg, an ass de 24. September 2014 fir d'éischt am reguläre Kinosprogramm gewise ginn. En ass och am Januar 2015 um internationale Filmfestival vu Palm Springs an den USA gewise ginn.

Never Die Young gouf beim Lëtzebuerger Filmpräis 2014 als "Beschten Documentaire" ausgezeechent.[6] Am selwechte Joer gouf de Pol Cruchten fir den Documentaire als beschte Regisseur bei den Trophées francophones du cinéma nominéiert.[7] De Film war 2014 och déi lëtzebuergesch Propositioun fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film", mee gouf net nominéiert.[8][9] Et war déi zweet vun am Ganzen dräi Kéieren, datt Lëtzebuerg e Film vum Pol Cruchten fir den Oscar virgeschloen huet.[10]

Zënter Dezember 2021 ass de Film op der Streamingplattform Netflix disponibel.

Accueil an der Press änneren

Marie-Laure Rolland, Luxemburger Wort:[2]

Derrière ce sujet de société, on peut aussi voir une méditation sur le sens de la vie – entre contingence et nécessité, les liens familiaux ou amicaux, la solitude, la quête d'absolu. Un grand film.

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[5]

Tout cela est extrêmement minimaliste, laconique, mais aussi esthétique et intrigant. [...] la forme extrême, le récit très posé, la musique (des chansons de Bob Dylan), l'absence de dialogues [...] ou d'éléments dramatiques et les très belles images de Jerzy Palacz en font un très grand film[.]

Jordan Mintzer, The Hollywood Reporter:[11]

An experimental documentary mixing the brutal facts of one man's life with various cinematic flights of fancy, Never Die Young is an intriguing, if somewhat familiar, account of the ravages caused by long-term heroin use as seen through the eyes of a troubled kid growing up in working-class Luxembourg. [...] [D]irector Pol Cruchten (Boys on the Run) provides some food for thought and a few shocking twists in this short 70-minute feature, but the material doesn't add up to much more than an artsy public service message against sustained drug addiction.

Referenzen änneren

  1. polcruchten.com: Never Die Young (22. Januar 2015)
  2. 2,0 2,1 wort.lu: «Never Die Young» de Pol Cruchten enfin sur les écrans vum Marie-Laure Rolland (24. September 2014)
  3. 3,0 3,1 wort.lu: "Never Die Young" kommt auf die Leinwand vum Vesna Andonovic (23. September 2013)
  4. 4,0 4,1 lessentiel.lu: «C'est un honneur d'incarner le Luxembourg» vum Cédric Botzung (17. September 2014)
  5. 5,0 5,1 land.lu: En mode tragédie vum Josée Hansen (8. Mäerz 2013)
  6. filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2014 (net datéiert)
  7. 5minutes.rtl.lu: 4 films luxembourgeois sélectionnés (22. Mee 2014)
  8. luxtimes.lu: Harrowing true story from Luxembourg is Oscar hopeful (28. August 2014)
  9. wort.lu: "Never Die Young" im Rennen um den Oscar (28. August 2014)
  10. Déi aner zwéi Filmer ware Perl oder Pica fir den Oscar 2007 a Voices from Chernobyl (2016).
  11. hollywoodreporter.com: ‘Never Die Young’: Film Review vum Jordan Mintzer (15. Oktober 2014)