Läif a Séil

Belsch-lëtzebuergesche Film

Läif a Séil (engleschen Titel: The Last Ashes) ass e lëtzebuergesch-belsche Spillfilm a Lëtzebuerger Sprooch vum Loïc Tanson. E koum de 25. Oktober 2023 an de Kino.[3] Et handelt sech ëm e Western a Filmdrama.

Läif a Séil
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Produktiounsjoer 2022
Première 2023
Dauer 120 min
Faarf Faarweg,
Schwaarz-Wäiss
Filmformat 16 mm,
35 mm
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Loïc Tanson
Dréibuch Loïc Tanson
Frédéric Zeimet
Fotografie Nikos Welter
Musek Thorunn Egilsdottir & Mike Koster
Schnëtt Loïc Tanson
Dekoren Christina Schaffer
Produzent Claude Waringo
Patrick Quinet
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Artémis Productions
Schauspiller
Sophie Mousel (Hélène - Oona)
Luc Schiltz (Pier)
Konstantin Rommelfangen (dem Hélène säi Papp)
Philippe Thelen (Luc)
Jules Werner (Graff)
Timo Wagner (Jon)
Larisa Faber (dem Hélène seng Mamm)
Henner Momann (hollänneschen Zaldot)[1]
Tommy Schlesser (Henri)
Marie Jung (Marie)
Jean-Paul Maes (Paschtouer Meyers)
Denis Jousselin (Kremer)
Jeanne Werner (Sindonie)
Max Gindorff (Tom)
Colette Kieffer (Fra aus dem Duerf)
Marc Baum (Mann aus dem Duerf)
Jules Waringo (Mann aus dem Duerf)
Pierre Bodry (Mann aus dem Duerf)
Frank Grotz (Appersmann)[2]
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Hélène kënnt 1854, no 15 Joer ënner enger neier Identitéit, an d'Duerf zeréck, wou et als Kand opgewuess ass, a vu wou et deemools huet misse fortlafen. Hatt kënnt zeréck fir Revanche un der Graff-Famill ze huelen...[4]

Produktioun änneren

D'Dréibuch fir de Film huet de Loïc Tanson zesumme mam Frédéric Zeimet geschriwwen.

De Film Fund Luxembourg huet 2.800.000 Euro vum Gesamtbudget, deen op 3.718.000 Euro chiffréiert gouf, bäigedroen.[5]

D'Dréiaarbechte ware vum 25. Abrëll bis de 25. Juni 2022[1], virun allem bei der Buerg Eyneburg zu Hergenrath an der Gemeng Kelmis, an der däitschsproocheger Belsch.

Fir de Film, dee viru bal 200 Joer Joer an am Éislek spillt, gouf vum Ian De Toffoli ënner Mataarbecht vun der Uni Lëtzebuerg eng speziell Sprooch entwéckelt, déi Charakteristike vun engem Dialekt aus dem Norde soll hunn an e bëssen archaesch klénge soll, ma trotzdeem verständlech soll sinn, ouni lächerlech ze kléngen.[6]

Um Spaweck änneren

 
D'Buerg Eyneburg, e Set vum Film.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche op crew-united.com (gekuckt 2022-08-05)
  2. Top cast op imdb.com
  3. Fiche op kinepolis.lu.
  4. "Mat "Läif a Séil" bei der Saach." 100komma7.lu, 02. Juli 2022.
  5. Film Fund Luxembourg, Fonds National de Soutien à la production audiovisuelle: Comité de sélection: Décisions - juillet 2021. op gouvernement.lu (gekuckt 2022-08-05).
  6. Valentin Maniglia: "« Läif a Séil », au bout de la langue." lequotidien.lu (A la Une, Culture), 26/10/2023.