Joy Hoffmann

lëtzebuergesche Filmkritiker a Regisseur

De Joseph "Joy" Hoffmann, gebuer de 17. Mee 1950 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Staatsfonctionnaire, Filmkritiker a Filmproduzent.

Joy Hoffmann
Gebuer 17. Mee 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmkritiker, Lycéesprofesser, Filmproduzent

Hien as sum Lampertsbierg opgewuess, wou en an d'Primärschoul an an de Jongelycée goung. Dono huet hie vun 1971 bis 1974 um University College Dublin studéiert a war bis 1990 Engleschproff um Institut supérieur de technologie, am Stater Jongelycée an an der École de commerce et gestion.[2]

Tëscht 1995 an 2015 huet hie beim CNA geschafft, wou e responsabel fir de Filmdepartement war. Hie war och Produzent vun enger Rëtsch Filmer déi vum CNA (ko-)produzéiert goufen, dorënner René Deltgen - Der sanfte Rebell, Germaine Damar - Der tanzende Stern, Luxemburg, USA, Heim ins Reich, Ech war am Congo, D'Lëtzebuerger beim Tour de France, Ëmmer bereet, Bloe Steen, Léif Lëtzebuerger, De Bauereblues an Ashcan.[2]

Hie war am Ciné-Club 70/80/90 engagéiert. Duerch Weiderentwécklung vum Ciné-Club 80 iwwer Utopia Sàrl bis zu der Utopia Group gouf de Joy Hoffmann Aktionär an der Utopia S.A.[3]

Hie war vun 1989 bis 2009 Representant vu Lëtzebuerg beim Eurimages-Programm, tëscht 1990 an 2012 e puermol Member vum Verwaltungsrot a vum Auswielcomité vum Lëtzebuerger Filmfong, an vun 2011 bis 2017 Matgrënner a Member vum Auswielcomité vum Luxembourg City Film Festival.[2]

Zanter 1983 ass de Joy Hoffmann och Filmkritiker bei RTL Radio an Tele Lëtzebuerg.

2021 huet hie säi éischten eegene Film, den Documentaire De Lampertsbierg, erausbruecht.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Joy Hoffmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. memorial.lu
  2. 2,0 2,1 2,2 Biographie de Joy Hoffmann. Pressedossier De Lampertsbierg, S. 6 (gekuckt 2021-12-18).
  3. Article Woxx - http://www.woxx.lu/id_article/508
  4. Fiche op cna.public.lu.