Io sto bene

Film vum Donato Rotunno 2020

Io sto bene ass e lëtzebuergesch-belsch-däitsch-italieenesche Spillfilm vum Donato Rotunno. En ass den 13. Oktober 2020 zu Lëtzebuerg an de Kino komm.

Io sto bene
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Däitschland
Italien
Produktiounsjoer 2020
Première 13. Oktober 2020
Dauer 94 min
Originalsprooch Italieenesch, Lëtzebuergesch, Franséisch
Ekipp
Regie Donato Rotunno
Dréibuch Donato Rotunno
Fotografie Jean-François Hensgens
Musek Massimo Zamboni
Schnëtt Matyas Veress
Produktiouns-
gesellschaft
Tarantula Luxembourg, Tarantula Belgique, Maxma Film, Vivo Film
Schauspiller
Renato Carpentieri
Alessio Lapice
Sara Serraiocco
Marie Jung
Vittorio Nastri
Maziar Firouzi
Véronique Kinnen
Luigi Di Razza
Jean-Paul Raths
Nicole Max
Pitt Simon
Jean-Paul Maes
Tommy Schlesser
Gabriel Boisante
Jules Werner
Rosalie Maes
Raoul Schlechter
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Antonio, deen als jonke Mann op Lëtzebuerg emigréiert war an do säi ganzt aktiivt Liewe verbruecht hat, begéint nom Doud vu senger Fra, der Leo, enger jonker italieenescher Kënschtlerin, déi hiert Gléck am Ausland versicht...

Produktioun änneren

De Film gouf zu Lëtzebuerg, an Italien an an der Belsch gedréit. Am Ganze goufen et 36 Dréideeg.[1]

De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Tarantula Luxembourg am November 2018 e Subside an Héicht vun 2.618.000 Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[2]

Io sto bene ass haaptsächlech op Italieenesch gedréint.

Soss änneren

Migratioun ass en Theema, dat och schonn am Regisseur sengem Documentaire Terra mia terra nostra (2012) thematiséiert gëtt.

Den Titel bedeit "Mir geet et gutt" op Italieenesch.

De Film ass op verschiddene Filmestivaller an Europa gelaf, dorënner zu Roum, Villerupt, Mons a London.[3]

E war 2021 déi lëtzebuergesch Propositioun fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film".[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. paperjam.lu: «Io sto bene», le nouveau long métrage de Donato Rotunno (25. November 2019)
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions novembre 2018
  3. Fiche vum Film um Site vun Tarantula
  4. gouvernement.lu: Le film "Io sto bene" de Donato Rotunno défendra les couleurs du Luxembourg dans la course aux Oscars 2022 (25. Oktober 2021)