Mr Hublot ass e lëtzebuergesch-franséischen, animéierte Kuerzfilm vum Laurent Witz an Alexandre Espigares aus dem Joer 2013. E krut 2014 den Oscar fir de beschten animéierte Kuerzfilm.

Mr Hublot
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Frankräich
Première 21. September 2013
Dauer 11 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch ouni Dialog
Ekipp
Regie Laurent Witz
Alexandre Espigares
Dréibuch Laurent Witz
Fotografie Laurent Witz
Musek François Rousselot
Produzent ZEILT Productions,
Watt Frame
(Laurent Witz)
Schauspiller
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Monsieur Hublot ass e scheie Männche mat engem décke Brëll an enger sëllegen Zwangsstéierungen, deen zeréckgezunn an enger klenger Wunneng lieft, a seele virun d'Dier geet. Vis-à-vis op der Strooss fält him e klenge Mupp op, deen e schliisslech bei sech ophëlt. De Mupp fillt sech ufanks wuel a senger Wunneng, ma e gëtt lues a lues ëmmer méi grouss...

Soss änneren

D'Figur Mr Hublot baséiert op enger Skulptur vum belschen Artist Stéphane Halleux.

De Film gouf als 2D- an och 3D-Animatioun opgeholl.[1]

De Budget vum Film läit bei 215.000 Euro. E gouf zu 73% vun der lëtzebuergescher Firma Zeilt Productions an zu 27% vun der franséischer Watt Frame produzéiert (déi alle béid an der Haaptsaach dem Laurent Witz gehéieren). Zeilt Productions krut mat 112.496 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong bei der Entwécklung vum Dréibuch, bei der graphescher Ausaarbechtung, der Realisatioun, der Distributioun an der Promotioun ënner d'Äerm gegraff.[2] Op franséischer Säit gouf de Film vun der Regioun Loutréngen, dem Centre National du cinéma et de l'image animée an der Televisiounschaîne arte ënnerstëtzt.

Gielercher änneren

  • Short Grand Prix um Internationale Filmfestival Warschau 2013
  • Festivalpräis um Kerry Film Festival 2013
  • Beschte Kuerzfilm um Animago Festival 2013 zu Potsdam
  • Lëtzebuerger Filmpräis 2014 fir dee beschten animéierte Kuerzfilm.

an eng zéng aner Präisser, an zu gudder Lescht:

  • Oscar 2014 fir de beschten Animatiouns-Kuerzfilm

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Vgl. Mr Hublot op videos.arte.tv
  2. Marie-Paule Rolland: "Les réactions en France suscitent une mise au point." Luxemburger Wort, 4. 3. 2014, S.12. "Ein Vorname für Mr Hublot." Tageblatt, 4. 3. 2014, S.13.