Le Roman de Renart (Film 2005)

Le Roman de Renart ass e lëtzebuergeschen Animatiounsfilm vum Thierry Schiel aus dem Joer 2005.

Le Roman de Renart
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 10. August 2005
Dauer 90 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Thierry Schiel
Dréibuch Thierry Schiel, Erika Strobel
Musek Alain Mouysset
Schnëtt Mathieu Morfin, Thierry Schiel
Produzent Sophia Kolokouri, Thierry Schiel
Produktiouns-
gesellschaft
Oniria Pictures
Schauspiller
Frédéric Diefenthal: Renart (Stëmm)
Lorànt Deutsch: Rufus (Stëmm)
Marc Bretonnière: Ysengrin (Stëmm)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Den däitschen Titel ass Die neuen Abenteuer von Reineke Fuchs an deen engleschen Renart the Fox an The Adventures of Renny the Fox.

Hannergrond änneren

Le Roman de Renart ass ursprénglech e Wierk aus der alfranséischer Literatur, dat am 12. Joerhonnert am Norde vu Frankräich entstanen ass a spéider Dichtunge mat engem Fuuss als Haaptpersonnage staark beaflosst huet.

Schonn 1937 ass en éischte franséisch-däitschen Animatiounsfilm mam selwechten Numm erauskomm.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Fuuss Renart ass e generéisen an opmierksame Bandit voll Fantasie. Hie scheit sech net, d'Dommheet an d'Béisaartegkeet vun aneren Deieren, wéi dem Wollef Ysengrin oder dem Iesel Chancelier auszenotzen. Déi zwee si just op Muecht a Räichtum, a wëllen ee Schatz besuergen, deen engem en éiwegt Liewe versprécht. Deen ass an enger Hiel verstoppt an gëtt vum Monster Pierre bewaacht. De Renart gëtt déi Geschicht gewuer a mécht sech selwer op d'Sich nom Schatz. Mee den Ysengrin schéckt d'Monster op hien.[1]

Kritik änneren

De Film gouf vun der Kritik net esou gutt opgeholl. Dem franséische Kinosportal Allociné no krut de Film vun der Press zwar eng Duerchschnëttsbewäertung vun 2,7 op 5, mee bei de Benotzer vum Site läit déi Moyenne just nach bei 1,7.[2] Op der Internet Movie Database (IMDb) huet de Film eng ponderéiert Moyenne vu 4,7 op 10, mat 223 Bewäertungen, an op Sens Critique eng Moyenne vun 3,5 op 10.[3]

De Roman de Renart war de Lëtzebuerger Bäitrag fir den Oscar 2005 an der Kategorie "Beschten auslännesche Film",[4] mee e gouf net nominéiert.

De Film krut 2005 de Publikumspräis um Bréisseler Festival Anima an de "Prix spécial du Jury" um FIFEM, engem Kannerfilmfestival zu Montréal.[5]

Referenzen änneren

  1. moviemeter.nl
  2. allocine.fr
  3. senscritique.com
  4. cineuropa.org: Un Renart animé de couleurs et d'ambitions vum Anne Feuillère (6. Oktober 2005)
  5. gouvernement.lu: Le film d'animation luxembourgeois "Le Roman de Renart" en compétition pour la course aux Oscars (4. Oktober 2005)