Gutland

Film vum Govinda van Maele (2017)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film Gutland. Fir d'Géigend, kuckt wgl. Guttland.

Gutland ass e lëtzebuergesch-däitsch-belsche Spillfilm vum Govinda Van Maele. E gouf tëscht August an Dezember 2016 gedréint an hat seng Première den 8. September 2017 um Toronto International Film Festival 2017.[1] Zu Lëtzebuerg gouf e fir d'éischt um Luxembourg City Film Festival 2018 gewisen, ier en den 2. Mee 2018 an de Kino koum.

Gutland
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg,
Belsch,
Frankräich,
Däitschland
Produktiounsjoer 2017
Première 2017
Dauer 107 min
Faarf Faarweg
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Lëtzebuergesch,
Däitsch
Ekipp
Regie Govinda Van Maele
Dréibuch Govinda Van Maele
Razvan Radulescu (script doctor)
Fotografie Narayan Van Maele
Musek Mocke
Schnëtt Stefan Stabenow
Produzent Gilles Chanial (Les Films Fauves),
Olivier Dubois (Novak),
Melanie Blocksdorf (Propellerfilm)
Schauspiller
Fredrick Lau als Jens Fauser
Vicky Krieps als Lucy Loschetter
Marco Lorenzini als Jos Gierens
Pit Bukowski als Marcel
Leo Folschette als Arno Kleyer
Gérard Blaschette als Hendrik Kleyer
Irina Blanaru als Irina Kleyer
Christiane Hoffmann als Irène Schlosser
Gerdy Zint als Nikkel
Arsène Streveler als Heng Clement
Fanco Ariete als Charel Schlosser
Théo Lieser als Boris Loschetter
Sandro Pantanali als Sammy Kleyer
Paul Hoffmann als Frank Hastert
Martine Kohn als Fernande Loschetter
Roger Origer als Henri Loschetter
Yvette Müller als Sylvie Clement
Marcel Heintz als Marco Mangen
Guy Schwickerath als Bernard Brück
Ismael Backes als Claude Wagner
Nathalie Maas als Aline Wagner
Nico Schlesser als Sven Hastert
Marie-Louise Schaack als Josia
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Jens, en Däitschen, kënnt mat enger décker Sacoche zu Schandelsmillen, engem Lëtzebuerger Duerf un, wou en ënnerdauche wëll. E freet do no Aarbecht, gëtt awer éischter vun de Leit am Duerf ofgewisen. Just dem Lucy, dem Buergermeeschter senger Duechter, kënnt hie méi no, a si verbréngen d'Nuecht mateneen. Déi Deeg drop ännert sech d'Situatioun fir hien: hie kritt eng Plaz als Kniecht, gëtt an d'Musek opgeholl, a fillt sech geschwënn am Duerf integréiert. Mä eppes ass do an deem Duerf, wat him net geheier ass....

Soss änneren

D'Produktiounsgesellschaft Les Films Fauves krut am Februar 2015 e Subside an Héicht vu 60.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen.[2] Duerno krut se nach e weidere Subside vun 1.993.480 Euro fir de Film ze produzéieren.[3]

De Film, fir deen e Budget vun 3 Milliounen Euro virgesi war, gouf bannent 37 Dréideeg am Summer an am Dezember 2016 a verschiddenen Dierfer bei Miersch a bei Iechternach gedréint[4], ë. a. zu a ronderëm Hierber[5] an Dickweiler. Eng Zeen spillt am Uewersauer-Stauséi, deen net am Guttland ass[4].

2018 waren 3.719 Leit de Film zu Lëtzebuerg an de Kino kucken.[6]

De Film war 2018 vu Lëtzebuerg fir d'Oscar-Nominatioune virgeschloe ginn, gouf awer net nominéiert.

Auszeechnungen änneren

Gutland gouf mam Lëtzebuerger Filmpräis 2018 fir de beschte Fiktiouns- oder Spillfilm ausgezeechent. D'Vicky Krieps krut dee fir déi bescht Schauspillerin oder dee beschte Schauspiller fir hir Roll vun der Lucy[7].

Literatur änneren

  • "Une certaine authenticité." In: d'Lëtzebuerger Land, 27. April 2018, Nr. 17, S.7. (Interview mam Govinda Van Maele iwwer de Film).

Kuckt och änneren

 
Vue op Hierber

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. op harltonempire.com Archivéiert op 2017-09-23. Gekuckt de(n) 2017-09-09.
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2015
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2016
  4. 4,0 4,1 "Interview: 'There's no clan I belong to'." delano.lu, 02.05.2018.
  5. Stars in Herborn vor der Kamera: Gutland ist nicht Luxemburg. wort.lu, 6. Dezember 2016 um 12:13.
  6. "Top 100 Box Office 2018" op cna.public.lu, 06-05-2019.
  7. Marc Thill, Filmpräis 2018: And The Winner Is ... "Gutland" op wort.lu den 22. September 2018