Doudege Wénkel (Film)

Film vum Christophe Wagner aus dem Joer 2012

Doudege Wénkel (och Angle mort oder Blind Spot) ass e Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Christophe Wagner. Et ass e Film noir, deem säin Dréibuch de Christophe Wagner zesumme mam Frédéric Zeimet geschriwwen huet.

Doudege Wénkel
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Produktiounsjoer 2012
Première 2012
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Franséisch
Ekipp
Regie Christophe Wagner
Dréibuch Christophe Wagner
Frédéric Zeimet
Fotografie Jako Raybaut
Musek André Mergenthaler
Produzent Samsa Film
Artémis Productions
Schauspiller
André Jung als Hastert
Jules Werner als Olivier Faber
Brigitte Urhausen als Isa Da Silva
Luc Feit als Schroeder
Gilles Soeder als Roemer
Nicole Max als Carnevale
Mickey Hardt als Tom Faber
Patrick Descamps als Beaulieue
Gintare Parulyte als Marie
Stefan Weinert als Huremovic
Irina Lavrinovic als Elina
Nicole Colchat als Mamm vun de Fabesch
Raoul Schlechter als Riichter Schlesser
Hervé Sogne als Hoffmann
Jean-Paul Maes als Michelson
Myriam Muller als Cecile
Germain Wagner als Dr. Ferretti
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Film gouf vum 1. August bis Mëtt September 2011 gedréit[1] an eng éischt Kéier den 20. Abrëll 2012 um Festival international du film policer zu Léck gewisen.[2] E koum den 3. Oktober 2012 an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Polizist Tom Faber ass hannert der Stater Gare, a sengem Auto, erschoss opfonnt ginn. Den Inspekter Hastert (André Jung) vun der Police judiciaire leet d'Enquête a sicht zesumme mam Olivier (Jules Werner), dem Brudder vum Ermuerten, deen och e Polizist ass, nom Mäerder. No enger éischter Spuer, déi an den Drogemilieu gefouert huet, daucht eng Prostituéiert op, déi ausseet, si wier mam Tom zesummegewiescht, an hätt vun him e Schlëssel kritt vun anzwousch, wou eppes Wichteges verstoppt wier. Et stellt sech eraus, datt et en Dossier an engem Gefaach am Vestiaire vun der Nationalbibliothéik ass, mat Dokumenter, déi noleeën, datt den Tom viru sengem Doud de knaschtege Geschäfter vun engen aflossräiche Geschäftsmann op der Spuer war. Mee nach gesäit den Olivier net, wat sech am doudege Wénkel vun der Enquête verstoppt...

Soss änneren

2012 waren 20.150 Leit de Film an de Kino kucken. Domat war Doudege Wénkel deeen 12.-meescht gekuckte Film 2012 an de Lëtzebuerger Kinoen.[3] 2013 koumen nach eng 2.000 Spectateure bäi.[4]

D'DVD koum uganks Oktober 2013 eraus. Eng 3.000 Stéck goufen der dovu verkaf.[4]

2014 krut Doudege Wénkel de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Film, de Jules Werner fir seng Roll als Inspekter Faber dee fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun an de Jako Raybaut fir seng Kameraaarbecht dee fir déi bescht technesch Kontributioun.

Dréiplazen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. samsa.lu
  2. Programm vum Festival
  3. Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 2013-01-10.
  4. 4,0 4,1 Post vum 25. Abrëll 2014 op der Facebookäit vum Film